Radioen

On air

Espresso Beats  |  The Scaners - Wipeout

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Landesplanung um Wee an d'Praxis

Sektoriell Pläng

Landesplanung um Wee an d'Praxis

D'sektoriell Pläng Transport, Logement, Aktivitéitszonen a Landschafte sinn elo deponéiert. Wéi positionéiere sech déi politesch Parteien zu wesentleche Froe vun der Landesplanung? Doriwwer diskutéieren den Nohaltegkeetsminister François Bausch, den LSAP-Fraktiounspresident a fréiere Landesplanungsminister Alex Bodry, den CSV-Generalsekretär an Deputéierte Laurent Zeimet an den DP-Deputéierte Max Hahn.

auto_stories

3 min

D'Steewollfabrick vun der Firma Knauf kënnt jo net op Suessem mee op Illange am noe Frankräich. De Wirtschaftsminister Etienne Schneider hat am 100,7-Interview gemengt, datt säi Message a Saachen Industriepolitik bannent der Regierung net verstane gi wier, virun allem vun déi Gréng.

Hie wéilt an der Ëffentlechkeet kee Face à Face ënnert Regierungsmemberen ausdroen, seet de gréngen Nohaltegkeetsminister François Bausch. Dofir géif et de Regierungsrot ginn. Hien hätt léiwer gehat, den Etienne Schneider hätt dat am Regierungsrot gesot.

D'Diskussioun wier de Beweis, datt d'Regierung sech net eens wier, seet den CSV-Deputéierten Laurent Zeimet. D'Steewollfabrick Knauf géif an d'industriellt Konzept vun der CSV awer passen. Zu Lëtzebuerg géif ee jo schliisslech déi energetesch Sanéierung vun de Gebaier fërderen.

D'LSAP géif hannert enger diversifiéiert Wirtschaft stoen, an dozou géif och d'Industrie gehéieren, sou den LSAP-Fraktiounspresident Alex Bodry. D'Industrie géif dausenden Aarbechtsplazen am Land schafen, an déi Betriber wieren och wichteg fir den Image vum Land. Datt zu Suessem den LSAP-Buergermeeschter Georges Engel géint déi Steewollfabrick war, hätt ee lokalen Hannergrond.

Keen nationale Referendum fir Gemengefusiounen

D'Propos vun der CSV fir en nationale Referendum iwwer eng territorial Reform, z'organiséieren, mam Zil nach just 60 Gemengen ze hunn, gëtt souwuel vun der DP, wéi och vun der LSAP ofgeleent. D'Gemengenautonomie misst bestoe bleiwen, dat géif an der internationaler Charta vun de lokalen Autoritéite dra stoe, betount den Alex Bodry. A sengen Aen hätt den CSV-Politiker Michel Wolter mat der Propos vun engem nationale Referendum d'Zil gehat, fir lokal Oppositiounen ze briechen. Den CSV-Deputéierten a Buergermeeschter Laurent Zeimet insistéiert awer, et misst een de Fusiounsprozess beschleunegen.

Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry, grad ewéi de gréngen Nohaltegkeetsminister François Bausch sinn der Meenung, datt de Prinzip vun der regionaler Zesummenaarbecht wichteg wier, ob dat iwwer eng fräiwëlleg Fusioun wier oder iwwer interkommunal Syndikater geschitt, dat wier net relevant.

"Wa mir eng regional Zesummenaarbecht bis hunn, da kënnen d'Gemenge sech zesumme spieren. Da gleewen ech och dorunner datt d'Fusioune vum selwe kommen, an datt wahrscheinlech ganz vill Gemenge sech soen, mir schaffen a souville Beräicher iwwer e Syndikat zesummen, solle mir net fusionéieren?", seet de François Bausch.

Nei Weeër um Immobiliëmaart?

Den Drock op den Immobiliëmaart ass extrem staark an et misst een no neie Weeër sichen, ënnersträicht den Alex Bodry. Am Beräich vun der Locatioun misst ee sech nei Instrumenter ginn, well d'Präisser héich sinn. Leit déi an enger precairer Situatioun sinn, déi kee feste Kontrakt hunn, oder déi am Chômage sinn, an déi kleng Revenuen hunn, géife kee Mietvertrag méi kréien, wëll si a Konkurrenz sti mat anere Bierger déi méi verdéngen.

Wéinst deem Drock um Wunnengsmaart géife vill Läit zécken d'Mietkommissioun ze saiséieren, souguer wa si wéissten, datt hire Loyer ze héich wier, well de Proprietär d'Mietgesetz net korrekt applizéiert. Dowéinst misst ee Stéchprouwe maachen an am Fall vu Verstéiss och Sanktiounen applizéiere, seet den DP-Deputéierte Max Hahn.

D'DP an d'CSV si weiderhi fir ee staarkt Propriétéitsrecht. Den LSAP-Fraktiounspresident ass awer der Meenung, datt Besëtzer vu groussen Terraine keen Interessi drun hu fir ze verkafen, well d'Präisser weiderhi klammen.

"Sou laang een déi Spiral net duerchbrécht, kréie mir keng Léisung fir de Wunnengsbauproblem", seet den Alex Bodry.

Fir de Max Hahn vun der DP wier et awer schwiereg, den Ënnerscheed ze maachen tëscht engem Groussbesëtzer an engem aneren, deen Terrainen fir seng Kanner wëllt behalen.