Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wou bleift den Opstand vun den Anstännegen?

Däitschland

Wou bleift den Opstand vun den Anstännegen?

D’Alternative für Deutschland huet d’Landtagswahlen an dräi däitsche Bundeslänner dëse Sonndeg dominéiert. Datt déi däitsch Gesellschaft sech bis de Wahlsonndeg net am Kampf géint Riets engagéiert huet, läit ouni Zweiwel un der Inaktioun vun den etabléierte Parteien.

Mathias Kirsch

auto_stories

4 min

Landtagswahlen an Däitschland: d'AfD ass elo do, an zwar sou richteg.

De Succès vun der AfD ass ouni Zweiwel op d’Flüchtlingskris zeréckzeféieren. Mat auslännerfeindlechen, populistesche Parolen verbreet d’AfD zënter Méint eng Angscht an eng Panik an der däitscher Gesellschaft, virun allem an de neie Bundeslänner am Osten – mee eben net nëmmen do. D’Bevëlkerung huet Angscht – Angscht virun de Flüchtlingen, Angscht, hinne géif eppes ewechgeholl ginn.

Riets Parteien huelen traditionell deen Deel vun der Populatioun of, deen Angscht huet – wei de Front National den Ament a Frankräich oder d’FPÖ an Éisterräich. Ma an Däitschland gouf et laang keng relevant Partei méi riets vun der konservativer Unioun vun CDU an CSU. Den Inhalt vum AfD-Programm ass awer genau dat: Nationalistesch, populistesch – omfong en historesch bedengten Tabu an Däitschland.

SPD keng Vollekspartei méi

Mee den Opstig vun der AfD ass bis elo net vun engem grousse Protest an der Populatioun begleet ginn. Wou bleift den Opstand vun den Anstännegen? Dass d’Gesellschaft bis zu dësem Wahlsonndeg net esou engagéiert ass am Kampf géint Riets läit ouni Zweiwel un der Inaktioun vun den etabléierte Parteien.

D’SPD ass spéitstens elo u keng Vollekspartei méi, die Linke ass als Protestpartei praktesch guer net opgetaucht, an a Sachsen-Anhalt de grousse Verléierer. An der Zäit no Oskar Lafontaine a Gregor Gysi schéngt d’Richtung vun de Lenken net méi kloer ze sinn – wou bleiwen di grouss Initiative géint Riets? An och di Gréng schéngen – vu Baden-Württemberg ofgesi – schonn d'Bundestagswahl 2017 an eng Koalitioun mat der Unioun am Kapp ze hunn.

Ma zënter gëschter dierft an der däitscher Politik kee méi un di wäit Zukunft denke ginn – well d’AfD ass elo do, an zwar sou richteg. Mat iwwer zéng Prozent an de landeswäite Sondage riskéiert d’AfD och weider an den däitsche Parlamenter Fouss ze faassen. Ma do muss d'Gesellschaft usetzen – d'Gesellschaft, well di etabléiert Parteien et am Moment net hikréien. Et brauch en Opstand vun den Anstännegen, vun all deenen, déi sech zënter leschtem Summer fir Flüchtlingen agesat hunn, fir Solidaritéit a Multikulturaliteit. D’AfD huet mat hirem Succès gëschter eng demokratesch Legitimatioun krut – an en vue vun dëser Entwécklung muss d’Populatioun realiséieren, dass och nëmmen si der AfD dës Legitimatioun erëm kann huelen.

Wahlresultater: E klengt Äerdbiewen

D'Landtagswahlen an dräi Bundesländer hunn e klengt politescht Äerdbiewen an Däitschland ausgeléist, virun allem well déi riestpopulistesch AFD gutt Resultater konnt afueren, an déi grouss Volleksparteien zum Deel staark verluer hunn. Souwuel a Rheinland-Pfalz, wéi och a Baden-Württemberg an a Sachsen-Anhalt huet d’AFD de Sprong an d’Parlament gepackt.

Fir d’CDU, zum Beispill, goufen et historesch Néierlage a Baden-Württemberg an a Rheinland Pfalz. Just a Sachsen-Anhalt huet de Ministerpresident Haselhoff zougeluecht. De Parteikolleg vun der Angela Merkel fiert eng regierungskritesch Asyl-Politik. A Baden-Württemberg sinn déi Gréng fir déi éischte Kéier an der Geschicht stäerkste Kraaft. Well d’SPD vill Stëmme verluer huet, ass eng Neioplo vu gréng-rout do net méiglech. D’FPD huet elo ze verstoe ginn datt ee bereet wier mat deene Gréngen a Baden-Württemberg ze verhandelen. 

D'Sëtzverdeelung gesäit an den dräi concernéierte Landesparlamenter elo folgendermoossen aus:

Baden-Württemberg: Grüne 47, CDU 42, SPD 19, FDP 12, AfD 23

Rheinland-Pfalz:  SPD 39, CDU 35, Grüne 6, FDP 7, AfD 14

Sachsen-Anhalt: CDU 30, SPD 11, Linke 17, Grüne 5, AfD 24

Well keng vun den anere Parteien eng Regierung mat de Rietspopuliste wëll forméieren, gëtt mat schwierege Koalitiounsverhandlungen an den dräi Bundeslänner gerechent.