De Patrick Dury sot, virun iwwer 1.000 Supporter, d'Regierung an d'Chamber sollen zesummen no "konsensuelle Léisunge" siche fir d'Verfassung an dësem Sënn ze änneren.
Den LCGB hat sech schonn 2015 an der Campagne virum Referendum fir d'Auslännerwahlrecht ausgeschwat. Nom däitleche "Nee"-Vott hat déi chrëschtlech Gewerkschaft sech awer mat ëffentlechen Aussoen zu dësem Thema zeréckgehalen.
Den CSV-President Frank Engel hat virun dräi Méint d'Iddi lancéiert fir bei de Chamberwahlen e Wahlrecht fir EU-Auslänner anzeféieren, mat der Konditioun, datt si hei am Land wunnen an datt si déi Lëtzebuerger Sprooch beherrschen. Et wier e "sensibele Sujet", deen awer misst diskutéiert ginn, esou de Frank Engel deemools um radio 100,7.