Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dumbo Tracks - Slow Despair Feat. Marker Starling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LCGB fuerdert Konzept fir d'Leit an der Beschäftegung ze halen

Bausecteur

LCGB fuerdert Konzept fir d'Leit an der Beschäftegung ze halen

Den LCGB kritiséiert d'Decisioun vun der Regierung, fir de Betriber d'Méiglechkeet ze ginn bis zu engem Véierels vun hirem Personal ze entloossen, ouni den Usproch op déi staatlech Krisen-Hëllefen ze verléieren.

auto_stories

2 min

Et sollt ee villméi e Konzept ausschaffen, wéi Leit, déi am Moment vläicht net onbedéngt gebraucht ginn, trotzdeem an der Beschäftegung ze halen. Fir datt ee se huet, wann d'Konjunktur nees uspréngt, sou de President vum chrëschtleche Gewerkschaftsbond. Déi an aner Diskussioune wëllt de Patrick Dury am Kader vun enger Tripartite féieren, déi elo misst aberuff ginn. Do wëll hien dann och e kloert Bekenntnis vum Patronat héieren, datt si zum Finanzement - zu dräi a gläichen Deeler - vun der Sozialversécherung steet.

"D'Patronat war sech net eens"

Net just d'Gewerkschafte wiere Schold um Echec vun de Verhandlungen iwwer en eventuellt Aussetze vum Kollektiv-Congé am Bausecteur, dëse Summer. Och d'Patronat wier stuer gewiescht, seet den LCGB-President Patrick Dury. Datt et net zu engem Accord komm wier, géif hie selwer schued fannen an hie géif et net ganz verstoen.

Och d'Propos fir de Leit am Secteur iwwer de Summer e Minimum vu Congé garantéieren ze kënnen, dee se méi flexibel kéinten huelen, wier vum Patronat net ugeholl ginn. "Dat ass herno och dru gescheitert, well d'Patronat gemengt huet, si missten awer nach e Congé collectif hunn, vläicht da méi kuerz...", sou de Patrick Dury. Op Patronatssäit wiere sech Gedanken iwwer d'Konkurrenzsituatioun gemaach ginn, d'Patronat wier sech ënnereneen net ganz eens gewiescht, sou den Nationalpresident vum LCGB, Patrick Dury.