Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Tallest Man On Earth - Looking For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LCGB fuerdert méi Personal bei Cargolux

Aviatioun

LCGB fuerdert méi Personal bei Cargolux

Déi "alarmant Personalsituatioun" bréngt Gefore fir déi zukünfteg Entwécklung vun der Cargolux mat sech, seet den LCGB. Net alles wat gesetzlech méiglech ass, wier och sécher. Den OGBL gesäit d'Situatioun méi nuancéiert. Et wiere bei der Cargolux permanent Leit agestallt ginn, virum allem beim Buedempersonal. D'Cargolux léisst d'Kritiken net gëllen.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / Wolfgang Mendorf

D'Cargolux ass net d'Accord mat de Kritike vum LCGB, datt et net genuch Pilote géif ginn, an datt si wéinst laangen Aarbechtszäiten dacks ze midd wieren. Zënter 2016 wier geziilt Personal agestallt ginn, schreift d'Cargolux op eis Nofro hin. D'nächst Joer géifen ënner anerem 60 zousätzlech Piloten agestallt ginn, gëtt confirméiert. Bei der Sécherheet an der ze grousser Middegkeet hätt d'Cargolux eng Fluchzäitereegelung, déi iwwert dee gesetzlech gefuerderte Minimum géif erausgoen.

Bis zu 18 Stonnen

Den LCGB hat seng Fuerderung no méi Personal a bessere Konditiounen en Dënschdeg widderholl. An alle Beräicher géif et u Personal feelen, seet de Paul De Araujo. Trotz 83 nei rekrutéierte Pilote bei der Cargolux 2016 an 2017, wier d'Nettozuel nëmmen ëm aacht geklommen, kritiséiert de Chrëschtleche Gewerkschaftsbond.

D'Buedempersonal an d'Pilote missten den zousätzlechen Aarbechtsopwand stemmen a géife bis un d'Grenze vun de gesetzlech zoulässegen Aarbechtszäiten agesat ginn, seet den Dirk Becker, President vum LCGB-Syndikat zivil Aviatioun. "Virun allem beim Personal, dat flitt, sinn haut Schichte vu bis zu 18 Stonne keng Seelenheet méi."

En attraktive Betrib

Den OGBL confirméiert, datt dee méi groussen Aarbechtsvolume bei der Cargolux sech zum Deel op d'Personal auswierkt. Virun allem bei de Pilote missten Efforte gemaach ginn, seet den Hubert Hollerich.

Beim Buedempersonal gesäit den OGBL-Gewerkschaftler manner Problemer. D'LCGB-Kritik, datt d'Cargolux keen attraktive Betrib fir déi Beschäftegt méi wier, kann den Hubert Hollerich net novollzéien. "D'Cargolux an d'Luxair gehéieren nach ëmmer zu deene Betriber, fir déi ganz vill Leit wéilte schaffen." D'Aarbechts- a Lounkonditioune géife sech "duerchaus weise loossen".

Den LCGB huet seng Fuerderungen un d'Cargolux-Direktioun geschéckt a weist sech bereet fir Gespréicher, fir d'Zukunft vun der Cargo-Airline an hire Mataarbechter ze garantéieren.


De Bäitrag vum Serge Kesseler vum 28. November:

Cargolux Personalplay_arrow