Radioen

On air

Tockcity  |  Royel Otis - Murder On The Dance Floor - Triple L Like A Version

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Leak vu Froen op Instagram

Ofschloss-Examen

Leak vu Froen op Instagram

Well e Schüler Zougank zu méiglechen Examensfroen hat, huet den Educatiouns-Ministère kuerzfristeg de komplette Questionnaire an engem Fach vum Ofschloss-Exame geännert.

auto_stories

2 min

© Bigstock

Et gouf e Leak vun den Examensfroen um Internetservice Instagram, esou Eldoradio. Et geet ëm d’Fach Soziologie am 13èmes-Exame vun de Sciences-Sociales-Klassen: een Examen, deen haut normal konnt geschriwwe ginn.

Den Educatiounsministère huet op eis Nofro hi präziséiert, datt e Schüler - deem seng Identitéit bekannt ass - illegal Zougank zur Mailbox vun engem Enseignant hat. Doduerch wier hien un eng Preparatiouns-Versioun vu Februar-Mäerz vun den Examensfroe komm.

Dem Ministère seng Prozedur fir d’Verdeele vun de Froe wier net gehackt ginn.

Plainte

Den Enseignant, de Lycée an de Ministère wëllen eng Plainte deposéieren. Et kéinten och disziplinaresch Mesurë géint de Schüler ginn. De Schüler huet eisen Informatiounen no technesch Mëttel agesat, fir un d'Passwuert ze kommen.

Den Educatiounsministère war e Méindeg vum Fall gewuer ginn.