Radioen

On air

Notturno  |  Matthew E. White - Take Your Time (And Find That Orange To Squeeze)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Legal awer net legitim

Chronik

Legal awer net legitim

Lëtzebuerg ass och am Fall vun Engie net d'Accord mat der Europäescher Kommissioun, déi seet Engie misst 120 Milliounen Euro Steieren zeréckbezuelen. D'Energie-Entreprise krut keng illegal Staatsbäihëllef, seet d'Regierung. Et wier alles legal ofgelaf. Konsequenterweis klot d'Regierung an anere Fäll, an deenen hir dat nämmlecht reprochéiert gëtt. Gläichzäiteg wëllt si awer och eriwwer bréngen, datt sech d'Lëtzebuerger Politik op deem Gebitt geännert huet. Wéi passt dat beieneen?

auto_stories

4 min

Danièle Weber, 100,7-Korrespondentin zu Bréissel

400 Milliounen Euro: dee Kéipche Suen huet de Lëtzebuerger Staat geschwënn op der Säit leien, wa bis d'Energie Entreprise Engie déi 120 Milliounen Euro Steieren, zu deene si en Dënschdeg vun der EU-Kommissioun verdonnert gouf, iwwerwisen huet. Op deem séchere Compte leie schonn 250 Millioune vun Amazon an 30 Milliounen Euro vu Fiat. Och si hu misse Steieren nobezuelen, nodeems d'EU-Kommissioun fonnt hat, datt Lëtzebuerg deene steierlech Konditiounen offréiert huet, déi anerer net kréien. Dat ass eng Form vun illegaler Staatsbäihëllef, sou d'EU-Kommissioun.

Lëtzebuerg verzicht op 400 Milliounen Euro Steieren

Lëtzebuerg wëllt déi Suen net, méi nach, Lëtzebuerg klot esou guer zesumme mat de concernéierten Entreprisë virum Europäesche Geriichtshaff dogéint, dës Suen anzekasséieren. Nom Motto: "Gehe nicht auf Los und ziehe keine 400 Millionen ein".

De Kampf vun der EU-Kommissärin Margrethe Vestager fir, wéi si seet, eng méi fair Besteierung an Europa, ass ee komeschen: Si wëllt Staaten dozou forcéieren, Steieren anzedreiwen, déi dës Länner virdrun explizit net wollten. Lëtzebuerg ass net dat eenzegt Land, wat sech do stur stellt. Och Irland refuséiert den Ament, Steiere vun Apple zeréckzefroen. Do geet et ëm 13 Milliarden Euro.

De Kampf ass och dowéinst komesch, well et ëm Steiere geet, dat awer net d'Argument vun der Kommissioun ass. D'EU huet a Steierfroe keng Kompetenz. Déi eenzeg Upak, déi d'Institutioun huet, fir géint Steierdumping virzegoen, ass déi vun der illegaler Konkurrenz.

"D'EU-Kommissioun ass keng Steierverwaltung"

D'Kommissioun géif sech awer hei wéi eng Steieradministratioun opféieren, sot ee vun den Affekoten, déi Lëtzebuerg am Fiat-Fall vertrëtt. Gëschter waren an deem Fall Plädoyeren.

Och Bréissel ass sech bewosst, datt ee sech hei op dënnem Äis beweegt. An dowéinst waart am Fong jidderee gespaant, op dat, wat den Europäesche Geriichtshaff an dëser éischter Affär vun där Zort, déi viru Geriicht tranchéiert gëtt, soe wäert.

Entretemps deet sech Lëtzebuerg ëmmer méi schwéier mat der Argumentatioun, déi soll beméit ginn, fir ze erklären, firwat een dës Steiersue partout net wëllt akasséieren. Juristesch ze tranchéieren, ob et sech hei wierklech ëm illegal Staatsbäihëllef handelt oder awer ëm eng Kompetenziwwerschreidung vun der EU-Kommissioun, ass eng Saach. Politesch ze rechtfäerdegen, datt ee refuséiert, e puer Honnert Millioune méi an der Keess ze hunn, ass eng aner.

A wéi engem Geescht handelt d'Regierung?

Dat passt net an d'Bild vum anere Lëtzebuerg, wäit ewech vun engem Steierparadäis, dat ee wëllt no bausse verkafen. Net dozou, datt ee seet, et wier elo Schluss mat esou Steier-Rulingen - an da viru Geriicht geet, fir dofir ze streiden, datt een awer Recht huet.

Do hëlleft et net vill, datt dës Kéier de Language am Pressecommuniqué vun der Regierung liicht geännert huet. D'Situatioun wier zwar Gesetz-konform, si géif awer net méi dem aktuelle Geescht vum nationalen an internationale Steierkader entspriechen, schreift d'Regierung. Trotzdeem ass net ausgeschloss, datt Lëtzebuerg och géint d'Decisioun an der Affär Engie klot. Iergendwéi bleift d'Regierung engem do eng Erklärung schëlleg, a wéi engem Geescht si do handelt.

Wéi reagéiert Frankräich?

D'Wieler zu Lëtzebuerg, ëm déi et jo bei esou Steierfroen och geet, schéngen iwwerdeems hanner dem Staat ze stoen. Ausser vum lénke Bord gouf et bis elo net vill Protest vun entsate Steierzueler déi verlaangen, de Fiskus sollt dach wann ech gelift déi 400 Milliounen Euro akasséieren. Lëtzebuerg steet virun allem international ënner Drock.

Ee vun de Länner, déi sech zimlech haart géint Steierevasioun staark maachen, ass Frankräich, dat Aktionär bei Engie ass. Do stellt sech dann d'Fro, ob geschwë Frankräich zesumme mat Lëtzebuerg géint d'Kommissioun viru Geriicht geet. Méi kredibel géif d'Politik vu béide Länner doduerch net onbedéngt.