Legal Basis fir Opschaffe vu SREL-Archiven nach dëst Joer (Wiseler, CSV)

Déi néideg legal Basis fir d’Opschaffe vun den ale Geheimdéngscht-Archiven duerch Historiker soll nach dëst Joer ausgeschafft ginn. Dat huet de Claude Wiseler op Nofro hinn ugekënnegt.

Déi parlamentaresch SREL-Kontrollkommissioun huet haut d’Grond-Iddie festgehal vun hirem Avis fir de Staatsministère, fir ee Gesetz fir dat historescht Opschaffe vun den Archiven auszeschaffen, esou de Kommissiounspresident an CSV-Fraktiounschef. Am Laf vun den nächste Woche soll dësen Avis fäerdeg ginn. Explikatioune vum Claude Wiseler:

 

Dem CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler no, wier nach net gewosst wéieng Historiker d’Recherchë iwwert déi al Geheimdéngscht-Archive solle maachen. De Staatsministère kéint eng Zort appel d’offre dofir maachen.

Déi historesch SREL-Archiven aus de Joeren 1960 bis ongeféier d’Joer 2000 sollen no der historescher Recherche zerstéiert ginn, sou wéi den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry dat scho virun dräi Wochen ugekënnegt hat. Am historesche SREL-Archiv ginn et ënnert anerem Akte vu ronn 4.200 Eenzelpersounen. D’Existenz vun engem zweeten Archiv zu Senneng mat 40.000 Mikrofiche war viru ronn zwee Joer bekannt ginn.

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen