Déi amerikanesch Deepspace Industries a Planetary Resources haten sech am Mee, respektiv Juni, dëst Joer der spaceresources.lu Initative ugeschloss an Akkorde mat der Lëtzebuerger Regierung ënnerschriwwen. "Eng Parti anerer hunn zanterhier un eis Dier geklappt", seet de Wirtschaftsminister am 100,7-Interview. Nimm kéint hie nach net nennen. Et wieren awer net just Entreprisen, mee och aner Länner intresséiert, fir mat Lëtzebuerg an dësem neie Wirtschafts-Secteur zesummen ze schaffen.
Neit Gesetz am Oktober
De Lëtzebuerger Gesetzprojet, fir Weltall-Ressourcen exploitéieren a kommerzialiséieren ze kënnen, gouf vu Juristen op der Uni Lëtzebuerg an internationalen Experte ausgeschafft. D’Gesetz soll nach am Oktober an der Chamber deposéiert ginn. "Domat kënne mir de legale Kader en Place setzen, fir dass eis Initiative ka fonctionnéieren", sou den Etienne Schneider.
Méi intelligent ewéi d’USA
Dat Lëtzebuerger Gesetz baséiert um amerikanesche Space Act, deen d’USA am Dezember zejoert gestëmmt hunn. Dat amerikanescht Gesetz couvréiert awer just Firmen, déi majoritär amerikanescht Kapital hunn. "Lëtzebuerg ass do méi intelligent a méi flexibel, mir maache kéng Barrièren", betount den Etienne Schneider.
Lëtzebuerg wär dofir op, zum Beispill, fir Entreprisen, déi sech an den USA an deem Beräich entwéckelen, mee kee Kapital méi an den USA fannen. Déi kéinten sech da fir Lëtzebuerg decidéieren, esou nach den Etienne Schneider.
Juristesch onbedenklech?
De Wirtschaftsminister gesäit kéng potentiell juristesch Konflikter an deem neie Lëtzebuerger Gesetz, mat deem erlaabt soll ginn, Ressourcen aus dem Weltall privat ze besëtzen an ze kommerzialiséieren. Hien erënnert drun, dass Lëtzebuerg hei déi international Gesetzer iwwert d’Mierer assimiléiert. D’Mierer kéint ee net besëtzen, wuel awer d’Fësch, déi ee fänkt, esou de Minister.
Dee Prinzip géif och fir de Weltall gëllen. Wéi de Minister seet: "Dir kënnt net äre Fändel op en Asteroid oder de Mount stiechen a soen, dat gehéiert elo zu Lëtzebuerg. Dir kënnt awer do Material ofbauen an dat mat heem bréngen, an da gehéiert et iech".
Lëtzebuerg hätt dat mat juristeschen Experte gekläert. An dat neit Gesetz, verséchert den Etienne Schneider, géif "d’Strooss halen".
Deepspace Industries rekrutéiert zu Lëtzebuerg
Wat d’Investitioune vum Lëtzebuerger Staat an deen neie Wirtschafts-Secteur vun de Weltall Ressourcen ugeet, präziséiert de Wirtschaftsminister am 100,7-Interview: Bei Deepspace Industries hätt d’SNCI déi éischt Tranche vu engem Prêt de leschte Mount bezuelt. Deepspace Industries wier och am gaangen, Personal hei zu Lëtzebuerg anzestellen. Op hirem Internet Site huet déi amerikanesch Entreprise e puer Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg ausgeschriwwen.
Deepspace Industries hätt och ee Kontrakt mat der europäescher Weltraum Agence ESA ënnerschriwwen, fir eng Prospektiounsrees op engem Asteroid ze maachen. Dee Kontrakt soll am Oktober fir zwee Joer ulafen. “Do ass elo wierklech Aktivitéit derhannert", seet de Wirtschaftsminister.
Lëtzebuerg Co-Aktionär vu Branson, Google & Co ?
Bei Planetary Resources géif de Lëtzebuerger Staat kucken, fir als Aktionär net just beim europäesche Sëtz vun der Entreprise hei zu Lëtzebuerg, ma direkt beim Mammenhaus an den USA eranzeklammen.
"Firwat? Do sëtzen all d’Grënnungsmemberen ëm een Dësch - ewéi de Richard Branson, Grënner vu Virgin, de Larry Page, Chef vu Google, an anerer", betount de Wirtschaftsminister. Dat géif grouss Chance bidden, fir mat deene Leit direkt a Kontakt ze sinn, a fir "un der Source vun allem permanent kënnen derbäi ze sinn."