D'Konzept géif virgesinn, datt d'Maternité vum Ettelbrécker Spidol enk mam Service National vun der Neonatologie vum CHL zesummeschafft, déi urgences néonatales "esou, datt se optimal kënnen à Charge geholl ginn", sou de Regierungs-Kommissär fir d'Spideeler, Jean-Paul Freichel.
Et géif och Télé-Expertise zur Verfügung gestallt ginn an et solle Formatioune gemaach ginn, mat den Dokteren, déi d'Gare virhalen. Donieft soll de SAMU néonatal verstäerkt ginn, fir datt en zu all Moment kéint intervenéieren. Dofir soll d'Disponibilitéit vum SAMU erop gesat ginn.
Ettelbrécker Maternité soll gestäerkt ginn
Et géif een hoffen, datt "et sou séier wéi méiglech geet", sou den Direkter vun der Ettelbrécker Klinik, den Dokter Paul Wirtgen. Et wéilt een awer näischt iwwer de Knéi briechen "well et soll jo eng Léisung sinn, wéi se am Konzept vun der Santé accordéiert gouf, datt et konform zum Gesetz ass". Zil wier eng gestäerkten Ettelbrécker Maternité, sou den Direkter vum CHdN.
Esou laang d'Maternité zu Ettelbréck nach zou ass, solle betraffe Fraen den 112 kënnen uruffen, fir mat enger Ambulanz an den CHL gefouert ze ginn. All Transport soll vun enger Hiewan aus der Ettelbrécker Klinik begleet ginn.