Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Djo - End of Beginning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Léisungsvirschléi aus der Tripartite: net jiddwereen ass zefridden

Sozialdialog

Léisungsvirschléi aus der Tripartite: net jiddwereen ass zefridden

An der Chamber léisen d'Mesuren, déi vun der Tripartite festgehale goufen, gemëschte Reaktiounen aus. Virgesinn ass jo, wann och nach net definitiv, datt déi zweet Indextranche vun dësem op d'nächst Joer soll verréckelt ginn. Dobäi komme punktuell Mesuren, déi Privatpersounen a Betriber sollen entlaaschten.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


D'CSV ass zefridden, datt no den zwou laangen Tripartitesëtzungen en Accord en principe fonnt gi wier, sou de Co-Fraktiounspresident Gilles Roth.

Et wéilt ee sech réischt méi konkret äusseren, wann den Accord ënnerschriwwe wier, seet hien. Generell misst d'Zil a sengen Aen awer kloer sinn, d'Kafkraaft, besonnesch déi vun der Mëttelschicht, ofzesécheren.

"Et kann een net all fënnef Joer soen, mir ënnerstëtzen d'Mëttelschicht, an da mussen déi herno bockele fir d'Staatskeesen ze fëllen. Dat ass fir eis net genuch an der Vergaangenheet gemaach gi vun dëser Regierung an dat bréngt och mat sech, datt vill Leit, déi iwwer deene Seuile sinn, wou se lo direkt Hëllefe kréien, awer mat dëser Präisdeierecht awer wäit ze kämpfen hunn."

déi lénk: Verréckele vun Indextranche bedeit Kafkraaftverloscht

Och déi Lénk hale sech léiwer nach bëssen zeréck, soulaang keen endgültegen Accord fonnt ginn ass. Mee si sinn awer elo schonn net d'accord domat, datt d'Indextranche soll reportéiert ginn, sou déi Lénk Deputéiert Myriam Cecchetti.

Dat wier an hiren Aen Indexmanipulatioun: "Dat bedeit einfach Kafkraaftverloscht fir d'Leit, dat ass jo ganz kloer."

Wann déi zweet Indextranche ëmmer op dat Joer drop verluecht soll ginn, "dat bedeit einfach, datt d'Leit manner an hirem Portmonni hunn".

D'Piratepartei ass net zefridden

D'Piratepartei gesäit dat änlech. Si wieren den Ament guer net zefridde mam Accord, seet den Deputéierte Marc Goergen. Et kéim fir si net a Fro, datt eng Indextranche verréckelt soll ginn "sou datt mir am Moment guer net zefridde si mat deem, wat do rauskomm ass".

Och d'Iddi fir de Spritpräis ëm 7,5 Cent erofzesetze wier an hiren Aen net de richtege Wee, sou de Marc Goergen weider - dat wier sozial ongerecht.

déi gréng droen d'Mesurë mat

Dës Mesure wier och keng Wonschmesure vun de grénge gewiescht, seet d'Parteipresidentin Djuna Bernard. Déi gréng Fraktioun dréit se als Deel vum Mesurëpak awer mat, well se de Leit e gewësse Puffer géif ginn, mengt d'Djuna Bernard.

Fir déi gréng wier awer wichteg gewiescht, datt dës Mesure zäitlech limitéiert ass fir de Picke vun der Kris entgéint ze wierken.

ACL: Kilometerpauschal soll eropgesat ginn

Den Automobilclub sengersäits weist sech net onzefridde mat de virleefege Resultater vun der Tripartite. Virun zwou Wochen hat den ACL schonn eng Erhéijung vun der Kilometerpauschal gefuerdert, déi 2012 am Kader vun de Spuermesuren no der Finanzkris gekierzt gi war.

D'Reaktioun vum Jean-Claude Juchemplay_arrow

Déi soll erëm op e Maximum vun 2.970 Euro pro Joer eropgesat ginn. Doru féiert fir de Jean-Claude Juchem kee Wee derlaanscht.

D'Reduktioun um Spritpräis ëm 7,5 Cent de Liter bis Juli wier een Effekt, dee séier verpuffe kéint, mengt den ACL-Direkter. Ee groussen Deel vun der Bevëlkerung wier op den Auto ugewise fir ze schaffen.

Betraff wiere virun allem Leit mat engem méi niddregen Akommes, well déi wéinst den héije Grondstéckpräisser net am Zentrum vum Land kéinte liewen an dowéinst och manner vum ëffentlechen Transport kéinte profitéieren.

An enger Woch soll dann no enger drëtter Tripartitesëtzung en definitiven Accord fonnt ginn, deen de Premierminister Xavier Bettel dann an der Chamber wäert presentéieren.