1931 ass den Nationalstadion als Stade Municipal op der Areler Strooss opgaangen, ouni offiziell Aweiung. Deen éischten offizielle Fussball-Match war dat selwecht Joer, géint d'B-Ekipp vun der Belsch, iwwregens eng 2-3 Defaite.
Am Stadion, deen eréischt 1993 zu Éieren vum erfollegräichste Lëtzebuerger Sportler jee ëmbenannt gouf, goufen et awer och eng Rei méi positiv Momenter, zum Beispill déi 4-2 Victoire am Oktober 1961 géint Portugal vum legendären Eusebio mat engem Hattrick vum Ady Schmit. Oder nach déi knapp 2-3 Nidderlag 1990 géint de Weltmeeschter Däitschland. Oder déi sensationell 1-0 Victoire 19 95 géint d'Tschechesch Republik.
Mee nieft der Nationalekipp hu jorelaang och eng ganz Partie Lëtzebuerger Veräiner hir Coupe d'Europe Matcher do gespillt. Renomméiert Ekippen, déi am Laf vun de Joren am Nationalstadion opgetruede sinn, waren de Real Madrid, den FC Porto, Marseille oder nach Paris St. Germain. An et däerf een net vergiessen, datt mat der Spora och eng Ekipp aus der Nationaldivisioun jorelaang hir Heem-Matcher am Barthel gespillt huet. An 1989 souguer Lëtzebuerger Champion gouf.
De Simon Larosche erënnert sech zesumme mam Pilo Fonck, Dan Theis, Henri Bressler a Benny Reiter zeréck un deen ale Stadion op der Areler Strooss.