Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëschten a sechs Gemengen

Gemengewahlen

Lëschten a sechs Gemengen

D'Piratepartei wëllt den 8. Oktober a sechs Proporzgemenge Kandidatelëschten opstellen: An der Stad, zu Esch, Péiteng, Kielen, Ettelbréck a Klierf. D'Minimalzil wier d'Resultat vun de leschte Wahlen, seet de Parteipresident Sven Clement.

auto_stories

1 min

Sven Clement, President vun de Piraten

Eng 30 Membere vun der Piratepartei waren den 22. Abrëll fir de Landeskongress zu Klierf zesummen. Mam Slogan "Modern, fair an transparent" wëllt d'Partei bei de Lokalwalen am Hierscht a verschiddene Majorzgemengen untrieden.

"Ech sinn zouversiichtlech, dass mir déi ronn 100 Leit zesummen kréien, déi hei gebraucht ginn", seet de Parteipresident Sven Clement. Ëmmerhin hätt d'Partei eng Basis vu ronn 400 Memberen. D'Zuele wieren och nach ëmmer liicht am Opschwong.

Dat bekannteste Gesicht vun de Piraten ass de Sven Clement: "Ech wëll an de Stater Gemengerot", seet hien. Déi aner Kandidate missten net national bekannt sinn, hei géif e lokalen Numm duergoen. Déi respektiv Spëtzekandidaten géifen aktuell och schon äifreg un hirer lokaler Präsenz schaffen.

Wichteg wier et d'Gemengen ze moderniséieren, woubäi d'Piraten och grouss op Transparenz setzen. D'Partei seet och, si wéilt och eng fair Gesellschaft, wou keen hänke gelooss gëtt.

Campagne fir 40.000 Euro

D'Piratepartei huet mat deenen anere Parteien en Accord ënnerschriwwenen, fir sech am Wahlkampf op 75.000 Euro Publicitéitsdepensen ze limitéieren.

"Mir hunn aktuell méi Reserven", sou de Sven Clement: Dat wiere Suen, déi aus der staatlecher Parteifinanzéierung, vun Donen an diversen Aktivitéiten géife kommen. Et wéilt een fir d'Campagne awer just tëschent 30.000 an 40.000 Euro investéieren.