Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lettesche Verdeedegungsminister: "D'Ukrain kämpft de Moment fir eis"

Russland-Konflikt

Lettesche Verdeedegungsminister: "D'Ukrain kämpft de Moment fir eis"

Russland wier de Moment am gaangen d'Ukrain ze zerstéieren, huet de lettesche Verdeedegungsminister Artis Pabriks bedauert.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Den EU- an NATO-Memberstaat Lettland hofft ganz staark, datt Russland seng Aggressioun an der Ukrain stoppt, huet den Artis Pabriks haut däitlech gemaach.

"D'Ukrain kämpft de Moment fir eis. Wann d'Ukrain verléiert, da geet déi russesch Aggressioun virun: dat ass ganz kloer."

De baltesche Staat Lettland ass Noper vu Russland. D'Ukrain wier net d'Haaptzil vu Russland, mengt de lettesche Verdeedegungsminister.

"Si hunn aner Pläng. Mee mir kënnen eis d'Situatioun net virstellen, datt d'Ukrain géif verléieren. D'Ukrain muss gewannen. A mir als westlech, demokratesch Länner, mir mussen alles maache fir der Ukrain ze hëllefen dëse Krich ze gewannen: et gëtt keng aner Optioun."

NATO-Zaldoten a Polen an am Baltikum

Am Virfeld vum NATO-Sommet am Juni zu Madrid läit d'Fuerderung um Dësch, datt NATO-Zaldoten dauerhaft a Polen an an den dräi baltesche Staate solle stationéiert ginn. Dozou huet de Verdeedegungsminister vu Lettland haut erkläert, datt ee sech erwaart, datt d'Leit a Lettland déi selwecht Sécherheet garantéiert kréichen, wéi zum Beispill Leit a Lëtzebuerg.

Wéinst de Gefore fir déi baltesch Staaten bräicht een deemno eng verstäerkte Presenz vun der NATO, huet de Minister Artis Pabriks ënnerstrach.

De Verdeedegungsminister vu Lettland huet och dorun erënnert, datt russesch Truppen traditionell am Grenzgebitt mat de baltesche Staate stationéiert sinn.

"A mir wëlle ganz einfach net, datt si op domm Gedanke kommen, iwwer d'Grenz ze goen. Et ass ganz einfach: d'Leit wëllen a Fridde liewen."

Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg

Seng Visitt a Lettland wier een "Akt vu Solidaritéit", esou de Vizepremier a Verdeedegungsminister François Bausch. Et géif dorëm goen, déi baltesch Staaten ze ënnerstëtzen, déi wéinst dem Verhale vu Russland "eng immens Angscht" hätten.

De Lëtzebuerger Verdeedegungsminister François Bausch huet an Aussiicht gestallt, datt Lettland fir d'Kontroll vu sengem Grenzgebitt vum neie Lëtzebuerger Observatiounssatellit soll kënne profitéieren. Donieft kofinanzéiert Lëtzebuerg mat ronn 8 Milliounen Euro d'Depollutioun an d'Sanéierung vu fréiere sowjetesche Militärsitten a Lettland.