Ongeféier 30 Prozent vun den Zucharrêten hei am Land si fir Leit mat Handicap schwéier accessibel. Am Verglach zu de Nopeschlänner géif Lëtzebuerg mat dem Taux gutt do stoen, esou Info-Handicap. An Däitschland wier zum Beispill just ee vun zéng Arrête behënnertegerecht equipéiert, seet de Yannick Breuer vun Info-Handicap:
"Bei de Belsch a bei de Fransousen ass et och net anescht. Hei zu Lëtzebuerg hu mir eis op d'mannst e Plan d'action gi fir dat ëmzesetzen. Mir schaffe ganz enk mat der CFL zesummen, dat ass och eng gutt Collaboratioun. An ech gesinn d'Saach positiv, datt do an den nächsten zéng Joer nach vill Saachen sech wäerte verbesseren."
De Yannick Breuer vun Info-Handicap:
>