Wann een d'Zuele vun den EU-Bierger déi nei an d'Land koume méi genau kuckt, stellt ee fest, datt eis Nopeschlänner ënnert deene fënnef am stäerkste vertrueden Nationalitéite sinn, woubäi d'Fransouse mat 4.112 déi gréisste Grupp vun neien EU-Bierger duerstellen. D'Portugise si mat 3.755 op der zweeter Plaz an en aalt Immigratiounsland, Italien, mat ronn 1.950 Persounen op der drëtter.
Bei den éischten Openthaltsgeneemegunge fir Net-EU-Bierger sti ganz uewen d'Inder, d'Chinesen an d'Amerikaner. Wann een all d'Openthaltserlaabnesser, déi 2018 ausgestallt goufen, zesummerechent, sinn et nees d'Inder, d'Chinese mee och d'Montenegriner, déi déi dräi éischt Gruppen duerstellen.
Do kann ee sech jo nëmme wonneren, datt keng Diskussioun opkënnt iwwer d'Schwieregkeete bei der Immigratiounsprozedur vun dëse Leit!
Weider Statistiken néideg
En Net-EU-Bierger muss nämlech Gesetz no seng Ufro fir d'Immigratioun vu sengem Heemechtsland aus stellen, éier en op Lëtzebuerg kënnt, an den Openthalt kritt een nëmme geneemegt, wann een eng Aarbechtsplaz fonnt huet, déi de Patron am Virfeld muss ausgeschriwwen hunn a fir déi keen aneren op dem EU Aarbechtsmaart konnt embauchéiert ginn.
Et wier also intressant ze wëssen, wéi oft dës Kritäre bei der Ufro erfëllt goufen an a wéi enge Secteuren dës nei Net-EU-Bierger eng Aarbechtserlaabnis kruten?
Vill vun den Openthaltsgeneemegunge betreffe Familljenzesummeféierungen.
1.600 Net-EU-Bierger koumen als Partner vun engem EU-Bierger 2018 an d'Land - do sinn d'Brasilianer an d'Kapverdianer, mee och d'Amerikaner ganz vir.
Zousätzlech goufen et 1.850 Familljenzesummeféierunge vun Net-EU-Bierger - virun allem hunn d'Inder, d'Chinesen an erëm d'Amerikaner dovunner profitéiert.
Bei enger Familljenzesummeféierung stelle sech per Gesetz vill Froen: wéi eng Wunnengskonditioune mussen erfëllt sinn, wéi een Aarbechtskontrakt muss een hunn, bis wéi een Alter kann ee seng Kanner komme loossen ... A wéi wäit dës Konditiounen erfëllt goufen, ass am Immigratiouns-Bilan 2018 statistesch leider net beluecht.
Et brauch eng nei Wëllkommens-Politik
Wann ee wëll awanderen, muss een eng Wunneng fannen, eng Aarbechtsplaz hunn a kucke wéi ee seng Famill am beschten an dat neit Ëmfeld agegliddert kritt. D'Immigratiounsgesetz mat sengen 24 méiglechen Openthaltsgeneemegungen, gebonnen u vill verschidde Konditiounen, ass dobäi immens komplizéiert.
Zu Lëtzebuerg gëtt et Relocationsdéngschter, déi oft am Optrag vu Firmen a fir deier Geld dës Demarchë maachen. Migranten, déi sech dat net leeschte kënnen, hu wéineg Méiglechkeeten, fir Hëllef ze fannen. Dofir ass bei der ASTI de Guichet Info Migrants stänneg iwwerlaf!
Intressant wier et jiddefalls ze wëssen, wéi vill Leit mat de villen administrative Paperasse Schwieregkeeten hunn an dofir keng Openthaltsgeneemegung kruten.
Et ass déck un der Zäit, datt mir zu Lëtzebuerg endlech iwwer d'Migratioun allgemeng an net virrangeg iwwer d'Flüchtlingsstréim debattéieren, déi tatsächlech nëmme manner wéi zéng Prozent ausmaachen. Vill vun de Migrante komme vu wäit hier. Et ass net einfach fir si sech zu Lëtzebuerg erëmzefannen. Do ass d'Politik, mee och d'Zivilbevëlkerung gefuerdert, fir dëse Leit dee beschtméiglechen Accueil ze proposéieren.
Mat iwwer 10.000 neien Awunner säit Jore musse mir all zesummen un enger Wëllkommens-Politik schaffen!
Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.