Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Catharsis

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg ënner Schock

Fräie Mikro

Lëtzebuerg ënner Schock

Zanter d'Société nationale de contrôle technique eng Präiserhéijung ugekënnegt huet, ass Zodi am Land. Kréie mir elo eng eegen Oplag vun der Beweegung Gilets jaunes op Lëtzebuerg, freet d'Anne Heniqui an hirem Commentaire.

auto_stories

4 min

Gläich fënnef parlamentaresch Ufroe fir een eenzegt Thema, honnerte vu Commentairen op den Onlinemedien, vum Stuerm op de soziale Medie guer net ze schwätzen. Déi giel Sécherheetsveste sinn um Punkt fir aus hirem Plastik gerappt ze ginn an an engem Elan vu Revolt an Opbrochstëmmung iwwer d'Windjack ëmgehaangen ze ginn.

Eng onglécklech Kommunikatioun

Gutt, PR-technesch war d'Ukënnegung, datt "Sandweiler" géif an engem Coup méi deier ginn, zimlech onglécklech. Do hätt ee sech inspiréiere kënnen - soe mir - beim Bäcker, deem seng Taktik fir bei all Indextranche seng Präisser diskret unzepassen, méi onopfälleg eriwwerkënnt. Hei gëtt vun enger massiver Präiserhéijung gejaut - déi sechst an Zäit vun enger Generatioun, gëtt d'SNCT mat klenger Stëmm zou. An: Mir musse käschtendeckend schaffen, well de Staat dierf eis net weider subventionéieren - mir brauchen déi 52 Euro, anstatt wéi bis elo 37,5 Euro pro technesch Kontroll fir en normalen Auto. Hale mir fest: d'Indextranche-Salamitaktik wier definitiv déi besser Léisung gewiescht.

An de Ring geklomme sinn dann, wéi erwaart, de Konsumenteschutz - 70 Euro d'Joer fir d'Memberskaart - an den Automobilsclub - tëschent 50 an 90 Euro d'Joer - a mat 150.000 Memberen och alt "e Staat am Staat" genannt. Deen huet da gläich eng politesch Dimensioun an déi Präiserhéijung eraninterpretéiert. Soll d'Regierung elo wëlles hunn, via Sandweiler, de gratis ëffentlechen Transport ze finanzéieren? Dovu geet de Konsumenteschutz emol aus. Mee dofir misst de Lëtzebuerger Fuerpark awer nawell nach méi ferm an d'Luucht goe wéi bis elo.

"Mir kloen op ganz héijem Niveau"

Hei gëtt erëm dee klenge Mann vun der Strooss an d'Bild gedréckt, deen all Su muss ëmdréien, an deen awer op säin Auto ugewisen ass. Genee deen Typ vu Mënsch, deen a Frankräich net méi weess, wéi en iwwer d'Ronne soll kommen, an dee sech spontan der Beweegung vun de Gilets jaunes ugeschloss huet. Där Leit hu mir och zu Lëtzebuerg, mee sécher net an deem Mooss, wéi een dat aus de Commentairë liest. Par Rapport zu den deels dramatesche Situatiounen a Frankräich ass dat Kregéilen hei schwéier nozevollzéien. Besonnesch wann et aus dem Eck vun den Oldtimersammler a soss Hobby-Tüftler kënnt, déi Pleséier mat Noutwendegkeet verwiesselen. D'Bild vum klenge Mann géint déi Déck do uewen ass hei komplett schif.

Mir kloen hei op ganz héijem Niveau. An iwwerhaapt komme vill Leit net an d'Situatioun, datt si op Sandweiler mussen, well se hiren neien Auto keng véier Joer laang halen - ënner véier Joer brauch keen Auto duerch d'Kontroll. Déi gutt Zuele vum Autosfestival confirméieren dëst. De Bilan vum Autosfestival war dëst Joer erëm net ze toppen: Rekord-Niveau vun de Venten, schonn dat zweet Joer hannerteneen, esou de begeeschterte Communiqué vun den Autoverkeefer. Fuerparkerneierung! Reegelméisseg!

Den Auto ass helleg

Alles wat ëm den Auto dréit, ass ëmmer héich politesch. De fréieren LSAP-Minister Lucien Lux hat den Ierger vun de Leit ze spiere kritt, wéi hien deemools d'Autossteier eropgesat hat an och de fréiere grénge Politiker Muck Huss a seng Partei kënne sech sécher nach gutt un de Stuerm erënneren deen opkoum, wéi si mat der Iddi koumen, de Bensin sollt op 100 Frang de Liter gehéicht ginn.

Si géif eng Anti-Auto Politik féieren, kritt d'Regierung haut vun Oppositiounspolitiker virgehäit. Se géif also géint d'Leit an d'Gesellschaft handelen, déi sech den Auto net wéilte verbidde loossen. Dat nodeems mir grad vun deene Parteie wochelaang am Wahlkampf d'Ouere voll gejéimert kruten, datt mir e Problem mam Wuesstem hätten an datt mir ze vill Stau op de Stroossen hätten.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.