Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Busty And The Bass - All The Things I Couldn't Say To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg ënnerstëtzt d'Ukrain weider militäresch

Ukrain-Krich

Lëtzebuerg ënnerstëtzt d'Ukrain weider militäresch

Lëtzebuerg ënnerstëtzt d'Ukrain weider mat Waffeliwwerungen. Dat sot de Minister François Bausch um Bord vun enger Reunioun, op där iwwer eng weider EU-Militärhëllef fir d'Ukrain diskutéiert gouf.

auto_stories

2 min

De François Bausch. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Bis elo huet Lëtzebuerg Panzer-Ofwierwaffen, Jeepen an Zelter geliwwert.

Et géif sech am ganzen ëm Material am Wäert vu fënnef bis sechs Milliounen Euro handelen, seet de François Bausch. Et wier ze hoffen, datt eng Dier opgeet fir ze negociéieren an d'Waffe rouen, fir der humanitärer Katastroph, déi sech den Ament an der Ukrain ofspillt, een Enn ze setzen.

Mee, esou de François Bausch, wier et den Ament awer wichteg, "d'Ukrain mat Waffen ze ënnerstëtzen, dat schéngt mir ganz kloer ze sinn".

An enkem Kontakt mat der Ukrain

Detailer iwwer déi nächst Liwwerung wollt den Arméisminister aus Sécherheetsgrënn keng ginn. Et stéing een an enkem Kontakt mat der Ukrain, déi kloer Demanden doriwwer hätt, wat op der Plaz gebraucht géif ginn:

"Mir hunn enke Kontakt. Si soen eis, wat si brauchen. Et geet an déi selwecht Richtung - et ass dat, wat Dir elo opgezielt hutt, wat mir och scho geliwwert hunn - net gréisser Saachen, do hätte mir d'Moyenen net."

D'EU hat Enn Februar een éischte Pak an Héicht vu 500 Milliounen Euro decidéiert, an déi lescht Woch een zweete Pak vum nämmlechte Volume an Aussiicht gestallt.

Militäresch Hëllef gëtt mam nationale Budget finanzéiert

Lëtzebuerg bezilt déi militäresch Hëllef awer mat Suen aus dem nationale Budget, et géif ee keng Suen vun der EU an Usproch huelen, preziséiert de Lëtzebuerger Minister am 100,7-Interview.

D'Regierung wier iwwerdeems dofir, d'Sanktioune géint Russland weider ze verschäerfen. Wéi genee - doriwwer diskutéieren d'EU-Ministeren den Ament nach, mat enger Decisioun ass awer net ze rechnen. Déi wäert éischter um Niveau vun de Staats- a Regierungscheffe falen, um EU-Sommet en Donneschdeg an e Freideg.