Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Parquet Courts - Tenderness

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg: Rezessioun an historesche Staatsdefizit

Impakt vu Corona op Economie a Staatsfinanzen

Lëtzebuerg: Rezessioun an historesche Staatsdefizit

D'Regierung rechent fir dëst Joer mat engem Defizit vun den ëffentleche Finanze vun 8,5 % vum PIB (5 Milliarden Euro) a fir d'nächst Joer vun 3 % vum PIB. 2020 gëtt e Réckgaang vum PIB vu 6 % virausgesot.

auto_stories

2 min

D'Lëtzebuerger Regierung mellt en historesch héijen Defizit an eng staark Rezessioun op Bréissel. An der neister Versioun vum Stabilitéits- a Wuesstumsprogramm, deen der Finanz- a Budgetskommissioun de Mëtteg presentéiert gouf, gëtt fir dëst Joer mat engem Staatsdefizit vun 8,5 Prozent par rapport zum PIB gerechent.

Méi Defizit wéi normal erlaabt

Dat wier en Defizit vun fënnef Milliarden Euro fir déi ëffentlech Hand, also d'Administratiounen, d'Gemengen an d'Sécurité Sociale zesummen. Domat wäicht Lëtzebuerg vun den europäesche Budgetsnormen of a profitéiert dovun, datt d'EU-Kommissioun Ausname wéinst der schwéierer Wirtschaftsrezessioun erlaabt huet.

D'nächst Joer soll et en Defizit vun dräi Prozent ginn, also ronn zwou Milliarden Euro.

Staatsschold vu ronn 29 Prozent

D'Regierung huet virun enger Woch en Emprunt vun 2,5 Milliarden Euro opgeholl. D'Staatsschold géif dëst Joer op 17 Milliarden Euro oder 28,7 Prozent par rapport zum PIB klammen. De PIB géif dëst Joer ëm sechs Prozent zeréckgoen.

Dat wier méi eng staark Kontraktioun vun der Wirtschaftsleeschtung wéi no der Finanzkris vun 2008 an 2009. Besonnesch staark betraff wier den Horesca-Secteur, wou mat enger Reduktioun vun der Valeur ajoutée brut vun 90 Prozent gerechent gëtt. D'nächst Joer géif de PIB awer dann erëm staark klammen, ëm siwe Prozent.

2021: Chômage vu 7,2 %

Trotzdeem géif de Chômagetaux vun 5,4 Prozent d'lescht Joer op dëst Joer 6,7 Prozent an d'nächst Joer op 7,2 Prozent klammen.

An der neister Versioun vum Stabilitéits- a Wuesstumsprogramm gëtt déi Gesamtenvergure vun de Krisemesuren op 10,4 Milliarden Euro berechent. Den direkten Impakt vun deene Mesuren op de Solde vun der ëffentlecher Hand léich bei dräi Milliarden Euro.