Et géif een eng aner Interpretatioun vun de Faite wéi d'Kommissioun maachen, sot zu Bréissel de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel. De Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker wollt kee Commentaire dozou ofginn. Lëtzebuerg géif Gebrauch vu sengem Recht maachen an et wier elo un de Riichter ze decidéieren.
De Jean-Claude Juncker huet och preziséiert, datt seng Ausso, Lëtzebuerg géing en historesche Feeler an der Steierpolitik maachen, sech op d'Lëtzebuerger Oppositioun par rapport zu engem neie Modell fir d'Besteierung vun Internet-Entreprisë bezitt. An net drop, datt Lëtzebuerg d'Decisioun vun der Kommissioun kontestéiert.
Ganz schwiereg Brexit-Verhandlungen
De Jean-Claude Juncker rechent domat, datt an der zweeter Brexit-Verhandlungsphas national Interessen openee stoussen. Den EU-Kommissiounspresident kënnegt generell ganz schwiereg Verhandlungen un. Et missten e puer Honnert ganz spezifesch Froen "einverneemlech" mat den Englänner gekläert ginn. Dat géing relativ laang daueren. Hie wier awer elo frou, datt déi éischt Etapp gepackt ass an datt een elo een Austrëttsvertrag ka formuléieren.
D'Basis fir de Lancement vun der zweeter Verhandlungsphas ware Kompromësser, déi d'lescht Woch hei zu Bréissel fonnt gi waren, tëschent dem Jean-Claude Juncker an der britescher Regierungscheffin, zum Beispill an der Fro vun de finanziellen Engagementer vu London nom Brexit.
Déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel ass och der Meenung, datt elo nach méi schwéier misst geschafft ginn, wéi bis elo. Si wier frou, datt déi 27 EU-Memberstaate bis elo sou gutt zesummegeschafft hätten.
Groussbritannien soll wéinst dem Brexit net bestrooft ginn, esou de Xavier Bettel. Dem Premier no dierft d'Finanzplaz London an Zukunft awer och net favoriséiert ginn am Verglach mat zum Beispill der Finanzplaz Lëtzebuerg. Groussbritannien kéint net Accès op den europäesche Marché kréien an dono no sengen eegene Spillreegele spillen.
Déi britesch Regierungscheffin - déi innepolitesch ganz staark ënner Drock steet - huet annoncéiert, datt si sech eng "déif a besonnesch Partnerschaft" mat der Europäescher Unioun géif wënschen.