Radioen

On air

Resonanzen  |  Scott Joplin - Reflection Rag - Diavolo Chamber Orchestra

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Lëtzebuerg geet et esou gutt wéi nach ni"

Bilan vum Wirtschaftsministère

"Lëtzebuerg geet et esou gutt wéi nach ni"

De Wirtschaftsministère zitt e positive Bilan vun der Legislaturperiod. De wirtschaftleche Wuesstem geet erop, de Chômage erof, an dat trotz negative Prognosen, esou den Etienne Schneider.

auto_stories

4 min

Et waren haaptsächlech zwou Prognosen, déi den Etienne Schneider ervirgehuewen huet. Engersäits hätt ee gesot kritt, datt een duerch d'Opgi vum Bankgeheimnis an duerch déi vill nei international Steierregele wéi beispillsweis BEPS, enger klenger wirtschaftlecher Croissance vu maximal zwee Prozent géigeniwwer géif stoen. Anerersäits wier et d'Prognos gewiescht, datt een de Chômage-Taux net wäert kënnen ënner siwe Prozent drécken.

Den Etienne Schneider schwätzt vun engem positive Resultat, d'Croissance wier zanter véier Joer héich, an de Chômage géif aktuell bei 5,5 Prozent leien a géif nach weider erofgoen. "Dat heescht also, datt mir wuel net alles falsch gemaach hunn", esou d'Conclusioun.

Exzeptionell gutt Zuelen

Am Ufank vun der Legislaturperiod hätt een eng ganz Rei aner Problemer gehat. D'Ewechfale vum Commerce électronique hätt de Lëtzebuerger Staat beispillsweis bal eng Milliard Euro d'Joer kascht, mee och déi generell Wirtschafts- a Finanzkris an Europa hätt en Impakt op Lëtzebuerg gehat.

Grad am europäesche Verglach hätt d'Regierung hei awer besonnesch gutt ofgeschnidden. Et kéint een zwar a villen europäesche Länner eng wirtschaftlech Verbesserung feststellen, an et géif ville Länner besser goen, mee déi Lëtzebuerger Zuele wieren dräimol esou gutt, wéi de Schnëtt an Europa, "also kann een net alles drop zeréckféieren op dat internationaalt Ëmfeld", et misst schonn eng Rei aner Grënn heifir ginn.

D'Wirtschaft diversifizéieren

Dës extrem positiv Zuelen hu fir den Etienne Schneider verschidden Ursaachen. Et hätt een engersäits probéiert méi an d'Richtung vu sougenannte Kompetenznischen ze goen, fir international net méi sou dacks an der Kritik ze stoen. Et géif een elo probéieren d'Wirtschaft ze diversifizéieren, also méi breet op méi Secteuren ze baséieren.

Dofir hätt ee sech op spezifesch Secteure konzentréiert, virop den ICT-Secteur. 16 Prozent vun den Emploien zu Lëtzebuerg si mëttlerweil an dësem Beräich. Et wier also eng richteg Decisioun gewiescht, dee Secteur weider auszebauen.

Grouss Chance: Den ICT-Secteur

Den ICT-Secteur géif natierlech als eng grouss Chance vu villen Entreprisë gesi ginn, mee et wieren dacks déi kleng a mëttelstänneg Betriber, déi hei Defien ausgesat wieren, esou d'Francine Closener, Staatssekretärin am Wirtschaftsministère. Et wier besonnesch fir de Mëttelstand wichteg, eng proaktiv Politik ze maachen, an dofir hätt een eng ganz Partie Programmer um Lafen fir de PMEen ze hëllefen, sech am digitalen opzestellen.

Fir den Entreprisen ënner d'Äerm ze gräifen, hätt de Ministère och konkret Mesuren an d'Weeër geleet, wéi beispillsweis de Pilotprojet Digital Skills Bridge, deen een zesumme mam Aarbechtsministère an d'Liewe geruff huet. Domat kréiche Salariéen eng Formatioun, déi si op déi nei technologesch Defie preparéiert. "Déi Suen, déi de Staat do fir déi Weiderbildungen ausgëtt, si besser investéiert, wéi wann de Staat de Leit hire Chômage misst finanzéieren, well hiren Job duerch d'Digitaliséierung verschwënnt, respektiv komplett verännert an d'Leit net méi am Stand sinn, en ze maachen", esou d'Francine Closener.

Finanziell Hëllef fir Start-Uppen

Den Etienne Schneider sot dozou, datt Lëtzebuerg bei der Digitalisatioun mëttlerweil eng Virreiderroll an Europa géif anhuelen, an ee souguer an d'Ausland géif invitéiert ginn, fir ze erklären, wéi Lëtzebuerg hir Ekonomie ëmgebaut huet. Besonnesch ervirgestrach huet de Wirtschaftsminister an deem Kontext d'Beräicher Biotech a Supercomputer, awer och de SpaceMining. Rezent war hei bekannt ginn, datt d'Firma Planetary Resources, an deem de Lëtzebuerger Staat Enn 2016 investéiert huet, finanziell ganz schlecht do géif stoen. D'Firma wier esouguer gezwongen, den Inventar vun hirem Haaptsëtz an den USA op enger Stee ze verkafen. Et wier ee sech dëser schwiereger Situatioun zwar bewosst, den Etienne Schneider huet awer ënnerstrach, datt de Lëtzebuerger Staat weider zu zéng Prozent Aktionär vun der Start-Up wéilt bleiwen.

Mee och de Start-Uppen zu Lëtzebuerg wéilt een aktiv ënner d'Äerm gräifen. Mëttlerweil géif et iwwer 15 Incubateure ginn, déi d'Start-Uppe beroden an ënnerstëtzen, esou d'Francine Closener. Fir jonk Entreprisë mat groussem Entwécklungspotenzial géif et speziell staatlech Bäihëllefe ginn. D'Start-Uppe kéinten esou bis zu 400.000 Euro als Bäihëllef kréien. 70 Milliounen Euro un Investitiounshëllef gouf an de leschte fënnef Joer u PMEen ausbezuelt. An Zukunft wéilt ee 27 Prozent méi finanziell Hëllef zur Verfügung stellen.

Wahlkampfthema Wuesstem

Den Etienne Schneider huet dann och als LSAP-Spëtzekandidat geschwat a gemengt, datt d'LSAP net der Meenung wier, datt d'Betribsbesteierung misst erofgesat ginn. Weider huet hien zum Wahlkamfthema Wuesstem geäussert. Et géif eleng ëm de Wuelstand goe vun de Leit, déi hei zu Lëtzebuerg liewen a schaffen, an et géif drëm, Chancëgerechtegkeet ze schafen.

De Wahlkampf ass also, zwee Méint virum offizielle Start, och bei de Ministèren ukomm, an den Etienne Schneider profitéiert vu sengen zwou Kapen als Minister an LSAP-Spëtzekandidat, fir och hei Wahlkampf ze bedreiwen.