Lëtzebuerg huet EU-Asylgesetzer net richteg ëmgesat

Lëtzebuerg ass ee vu 19 EU-Memberstaten, déi déi europäesch Asylgesetzer net richteg ëmgesat hunn. Déi Bréisseler Exekutive lancéiert haut eng deementspriechend Prozedur, schreift haut déi däitsch Dageszeitung Die Welt.

Eisen Informatioune no ass och Lëtzebuerg betraff, nieft ënnert anerem Däitschland, Frankräich, Italien, Éisterräich, Spuenien, Holland an Ungarn. “Et notzt näischt fir op Sommeten iwwer nei Regele fir d’Immigratiounspolitik ze beroden, wann déi aktuell Gesetzgebung net komplett respektéiert gëtt”, zitéiert Die Welt eng Source aus EU-Kreesser.

Déi viséiert Memberstate kréie fir d’éischt emol eng Warnung. De nächste Schrëtt wier eng Klo virum EU-Geriichtshaff.

Programm

Dossieren

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen