Radioen

On air

Notturno  |  Debby Blackwell - Once You Got Me Going

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg keeft e Supercomputer fir 30,4 Milliounen Euro

MeluXina

Lëtzebuerg keeft e Supercomputer fir 30,4 Milliounen Euro

Mat der Ënnerstëtzung vun EU Gelder huet Lëtzebuerg de Supercomputer MeluXina fir 30,4 Milliounen Euro kaaft. Dat huet de Premier an de Wirtschaftsminister de Méindeg de Moien annoncéiert. De sougenannten High Performance Computer (HPC), deen de fréiere Minister Etienne Schneider schonn d'lescht Joer am Detail presentéiert hat, soll am Fréijoer 2021 inauguréiert ginn.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschterenplay_arrow


Den HPC soll virop kleng a mëttelgrouss Betriber, start ups an de Service E-Santé cibléieren, mam Zil déi national an europäesch Innovatioun ze fërderen. Confirméiert Cliente ginn et bis ewell nach keng esou de Roger Lampach, Direkter vu Luxprovide, déi de Supercomputer geréiert.

Bis Ugangs nächst Joer sollen 20 spezialiséiert Mataarbechter fir d'Firma schaffen. Fënnef Kontrakter géifen drop waarden ënnerschriwwen ze ginn, sou de Roger Lampach. Et géif ee probéiere fir nei Talenter op Lëtzebuerg ze kréien. "Mir schaffen do mat engem Headhunter an ech war iwwerrascht wéi vill gutt Profiller do zesumme komm sinn. Déi kommen net alleguer. Mee mat verschiddener si mir um Schluss vun de Gespréicher."

Den HPC hätt eng Liewensdauer vu fënnef bis sechs Joer, esou nach de Roger Lampach. Zil wier et dësen Investissement an där kuerzer Zäit ze rentabiliséieren.

De Premierminister geet net dovun aus, datt "mir elo déi nächst sechs Méint pharaminéis Zuele kréien. Mee ech soen Iech, datt wa mir dat net gemaach hätten, dann hätte vill Firme kee Frang méi hei an d'Recherche investéiert. Kee Frang."

De Lëtzebuerger Supercomputer ass ee vun aacht Stéck an Europa. Déi aacht Computere solle matenee verbonne ginn, de Reseau gëtt vun enger Struktur mam Numm Euro HPC geréiert, déi hire Sëtz hei am Land kritt.