Lëtzebuerg kéint 90 Mio. Euro aus EU-Budget rembourséiert kréien

Lëtzebuerg soll 90 Milliounen Euro aus dem europäesche Budget rembourséiert kréien. Dat sot de Premier Xavier Bettel nom EU-Sommet zu Bréissel. Wann sech déi aktuell Estimatioune confirméieren, kéint dat och een Impakt op déi national Budgetsdiskussioun hunn, sou de Xavier Bettel. Et misst een awer op Detailer waarden.

D’Contributioune vun de Memberstaten zum Budget vun der Europäescher Unioun waren haut ee grousse Sträitpunkt tëscht den europäesche Staats- a Regierungschefen. Well Eurostat eng nei Method huet fir d’Berechnung vum PIB (de sougenannte SEC 2010), musse verschidde Länner méi bezuele wéi virgesinn, anerer kréien nees Suen zréck. Schaarf Kritik kënnt aus Groussbritannien, dat mat ronn 2 Milliarden Euro déi gréisste Rechnung presentéiert krut. De britesche Premier sot de Mëtten virun der Press hien wier net bereet des Zomm ze bezuelen, et misst elo séier gekläert ginn, ob des Chiffrë korrekt zustan koumen.

De Premier Xavier Bettel zum méigleche Remboursement vun 90 Milliounen Euro:

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen