Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg leeft hannendrun

SANKTIOUNEN GÉINT RUSSLAND

Lëtzebuerg leeft hannendrun

Wéi soll d'Politik op d'Verbrieche vun der russescher Arméi an der Ukrain reagéieren? Ass Butscha een neie Moment? Wéi steet Lëtzebuerg zu engem kompletten Embargo vu russeschen Energie-Importer? Op all dat kréien d'Leit zu Lëtzebuerg keng konkret Äntwerten. D'Regierung hält sech bedeckt an d'Chamber hëlt dat a Kaf.

auto_stories

4 min

Et huet sech séier erëm geschwat: D'EU finanzéiert de Krich, dee Russland mat ëmmer méi brutale Mëttelen an der Ukrain féiert, kräfteg mat. Zanter dem Ufank vun deem Krich si 35 Milliarden Euro aus der EU a Russland gefloss fir de Gas, de Pëtrol an d'Kuel ze bezuelen, déi all Dag hei hi geliwwert ginn.

Eng Milliard Euro goufen zanterhier a Waffe fir d'Ukrain investéiert. Dat géif engem vill erschéngen, sot des Woch den EU-Chefdiplomat Josep Borrell. Mee eng Milliard, dat wier genee dat, wat mir dem Putin all Dag fir d'Energie bezuelen, déi hien eis liwwert.

Ee Verglach, deen d'Ambiguitéit vun der vill zitéierter Solidaritéit, déi Europa géintiwwer der Ukrain weist, zimmlech genee chiffréiert.

Wat genee ass eng Eskalatioun?

Vun Ufank un war ee sech ënner de 27 EU-Länner net eens driwwer, wéi een dat mat de Sanktiounen organiséiere soll. Alles direkt op den Dësch - dat soten déi eng, anerer wéi de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel hu fir eng Salamitaktik plädéiert: Léiwer nach eppes am Tirang halen, fir wann et zu Eskalatioune vu Säite vu Russland kënnt.

Mee wat genee ass eng Eskalatioun? Wéini genee muss een all seng - wéi de Premier se genannt huet "Kartusch" verbrauchen?

Zu Zäite wéi zu Mariupol scho Leit bombardéiert an ausgehéngert goufen, huet de Xavier Bettel nach vun engem Status quo an enger néideger Graduatioun vun de Mesurë geschwat. Dat war zynesch. Kuerz nodeems d'Biller vu Butscha ëm d'Welt goungen, gouf et vum him een Tweet mat éischter zeréckhalende Wierder an der Fro no enger onofhängeger Enquête. Déi ass sécher wichteg, mee an der Tëschenzäit sinn esou vill Detailer bekannt, datt anerer net méi zécken, sech däitlech auszedrécken.

En Mëttwoch huet den däitsche Kanzler Olaf Scholz direkt d'Russen als responsabel fir déi Doten zu Butscha benannt. Vum Lëtzebuerger Regierungschef gouf et keen Update.

Den Olaf Scholz hat iwwregens an enger aktueller Stonn am Bundestag Stellung geholl - esou eppes vun der Chamber, matten an der Ouschtervakanz ze erwaarden, ass offensichtlech onrealistesch. Iwwerflësseg wier et sécher net. An esou enger ëffentlecher Debatt kéint een och vläicht méi iwwer d'Positioun vun der Regierung an de verschiddene Parteien zu de Sanktioune gewuer ginn.

Kaum Informatiounen iwwer Konsequenze vun Embargo

Amplaz dovu koume souwuel vum Ausseminister wéi och vun der Finanzministerin Warnunge virun de Konsequenze vun engem Energie-Embargo.

Doriwwer, wat genee hei am Land géif geschéien, wa kee Gas, keng Kuel a keen Ueleg méi aus Russland géifen an d'EU geliwwert ginn, ginn d'Leit iwwerdeems och am Däischtere gelooss.

D'Regierung schéngt net presséiert ze sinn, dat emol méi genee duerchzerechnen. De Statec-Chef sot bei eis op der Antenn, dat wier ee Katastrophe-Zenario, mat deem ee sech tel quel nach net befaasst hätt. Eng Ausso, déi engem bal Angscht mécht.

Och den gréngen Energieminister wot dozou nëmme vage Prognosen, déi sech meeschtens net explizitt op Lëtzebuerg bezéien. Wat hält hie vun engem Embargo? Och dat gëtt een net richteg gewuer. Wéi de Claude Turmes dës Woch vun de Kolleegen vun RTL dono gefrot gouf, huet hie wuel ugedeit, datt een en Vue vun deene rezenten Entwécklungen an der Ukrain net méi derlaanscht kéim.

Säi grénge Kolleeg, den däitsche Wirtschaftsminister Robert Habeck schéngt him awer méi no ze sinn, wéi de Wonsch selwer Faarf ze bekennen. Lëtzebuerg, wat manner ofhängeg vu Gasliwwerungen aus Russland ass, misst solidaresch mat Länner wéi Däitschland sinn, déi sech dat net leeschte kënnen, sou de Claude Turmes. Et misst een ofwaarden, wat Däitschland decidéiert. Datt zum Beispill Litauen op Wonsch vu sengem Parlament ee kompletten Embargo vu russescher Energie ëmgesat huet, kommentéiert hien domat, datt d'EU hei eng gemeinsam Haltung bräicht.

D'Regierung huet eng Net-Positioun

De Widdersproch an där Argumentatioun fält him anscheinend guer net op. Eng gemeinsam Haltung fënnt een doduerch, datt een eege Positioune mat an den Debat erabréngt. D'Logik vun enger EU-Positioun besteet net doran, drop ze waarden, wat anerer decidéieren. A schliisslech: Firwat sollt Lëtzebuerg eigentlech éischter solidaresch mat Däitschland wéi mat de baltesche Staate sinn?

Lëtzebuerg blockéiert keng Sanktiounen - dat ass ëmmer nees d'Äntwert op eis Froen. Dat ass eng Net-Positioun. Eng, déi och gutt passt bei ee Land, wat sech an der Vergaangenheet net grad mat Kritik un der scho jorelaang mënschefeindlecher Politik vu Russland ervirgedoen huet. Kloer Stellung bezéie geet anescht.