De Brexit huet natierlech déi europapolitesch Woch bestëmmt. Mee et goufen och aner Sujeten zu Bréissel. Een dovun ass net onwichteg fir Lëtzebuerg a betrëfft, d'Aart a Weis, wéi an der EU Decisiounen an der Steierpolitik geholl ginn. D'EU-Kommissioun wot sech un eng helleg Kou erun an huet eng Propos gemaach, fir d'Unanimitéit an deem Beräich ofzeschafen. Déi, déi dogéint sinn, brauche sech awer keng Suergen ze maachen.
Dat leit dorun, wéi d'Kommissioun dës Ännerung proposéiert. Fir datt d'Propos ugeholl gëtt, muss all EU-Land d'Accord sinn. Lëtzebuerg oder een anert Land brauch also nëmmen Nee ze soen, an alles bleift beim Alen.
Firwat proposéiert d'Kommissioun dann eppes, wat keng Chancen huet?
Blo a Gréng hu verschidde Positiounen
Där Fro gi mir am Gespréich mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber no a mir kucken och op d'Lëtzebuerger Regierung.
D'DP huet an hirem Wahlprogramm stoen, si wier dofir, datt d'Unanimitéit a Steierfroen bleift. Déi aner zwou Regierungsparteien hunn dozou näischt gesot.
D'Vetorecht ofzeschafen ass awer op europäeschem Niveau eng Fuerderung vun deene Gréngen, där sech och d'Europadeputéiert Tilly Metz ugeschloss huet.
Kënnt elo an där Fro zu engem Regierungskonflikt?
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.