Lëtzebuerg wëll Kampf géint Terrorismus stäerken

Et ass wichteg, dass déi lëtzebuerger Finanzplaz net déi Plaatz ass wou den Terrorismus kéint finanzéiert ginn, esou de lëtzebuerger Premier, Xavier Bettel, am 100,7-Interview. De Xavier Bettel, deen zu New York virun der UNO-General-Versammlung geschwat huet, sot dass d’Regierung elo an de nächsten Deeg misst kucken, wéi een d’Mesurë géint den Terrorismus och zu Lëtzebuerg verstäerke kéint. Dozou géif och gehéieren, dass ee präventiv den Depart vu jonke Leit verhënnert, déi op Säite vun Terroriste kéinte kämpfe goen.

De ganzen Interview vum Xavier Bettel um Mikro vum Gil Goebbels:

 

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Redakter/Redactrice Web

    radio 100,7

    Den Média de service public 100,7, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Redakter/Redactrice fir d'Onlineredaktioun mat engem Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Am November gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen