Radioen

On air

Resonanzen  |  Domenico Scarlatti - Sonat fir Piano a La Majeur, K. 182, Allegro - Christoph Ullrich (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger an der Ukrain: "Et mierkt een iwwerhaapt keng Angoisse"

Ukrain-Kris

Lëtzebuerger an der Ukrain: "Et mierkt een iwwerhaapt keng Angoisse"

De Lëtzebuerger Daniel Porcedda lieft zanter 23 Joer mat senger Fra an Duechter zu Kiew. Hien huet d'Entwécklung vun der Ukrain an déi zwou gréisser Revolutioune materlieft. D'Warnungen iwwer eng méiglech Invasioun wieren zwar alarmistesch, d'Liewen zu Kiew géif awer weidergoen, zielt hien am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

Den Daniel Porcedda lieft zanter 23 Joer zu Kiew

Lauschterenplay_arrow


D'Spannungen op der russesch-ukrainescher Grenz ginn et scho laang, dohier géif et zu Kiew keng Panik an och keng Hamsterkeef ginn, erkläert den Daniel Porcedda. "Et mierkt een iwwerhaapt keng Angoisse", esou de Lëtzebuerger, dee scho laang zu Kiew lieft.

"Dat läit och dorunner, datt se dru gewinnt sinn an enger Krisesituatioun ze liewen. Als Lëtzebuerger sinn ech natierlech e bësse méi beonrouegt, dat wäerte warscheinlech vill Ukrainer lëschteg fannen a soen: firwat reegs de dech op? Kucke mer mol, wat geschitt."

D'Situatioun wier onkloer, engersäits well vill Regierungen hire Landsleit soen, se sollen d'Ukrain direkt verloossen, anerersäits géifen et nach diplomatesch Diskussioune ginn.

Schwiereg, d'Land ze verloossen

Et wéisst een net, wat een dovunner hale soll, mee d'Recommandatioun d'Land ze verloosse wier net realistesch, betount den Daniel Porcedda. Dat wier just méiglech fir déi Leit, déi just geschäftlech an der Ukrain wieren a souwisou een Doheem an engem anere Land hunn.

Hie selwer hätt schonn de Wonsch op Lëtzebuerg ze kommen, sollt d'Situatioun sech verschlëmmeren. "Wann et méiglech wier an et wierklech brenzeleg gëtt, da géife mer natierlech kucken op Lëtzebuerg ze kommen."

D'Entwécklung vun der Ukrain

Sollt et zu enger Invasioun kommen, da wier dat den Enn vun der Demokratie an der Ukrain, esou den Daniel Porcedda.

D'Ukrain hätt bannent de leschten 20 Joer schonn eng Evolutioun matgemaach, et wier schued wann déi géif réckgängeg gemaach ginn, esou den Daniel Porcedda.