Radioen

On air

Espresso Beats  |  Jungle - Back On 74

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Athletenzu Tokyo am Asaz

Olympesch Spiller

Lëtzebuerger Athletenzu Tokyo am Asaz

Bei den Olympesche Spiller zu Tokyo koum d'Christine Majerus op déi 20. Plaz, beim Dressurreide koum den Nicolas Wagner net an den nächsten Tour. D'Ni Xia Lian huet am Dëschtennis iwwerraschend am zweeten Tour verluer.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Zwee Sportler waren zefridden: déi 20. Plaz fir d'Christine Majerus war e gutt Resultat, net wäit ewech vun deem vun hiren zwou anere Performancë bei Olympesche Spiller.

Den Nicolas Wagner ass zwar net weider, mee zesumme mam Päerd "Quarter Back Junior" gouf et trotzdeem eng 25. Plaz, déi sech weise léist beim Dressurreiden.

Ni Xia Lian: "Ech hu keng Chance net genotzt"

Am Dëschtennis sinn béid Lëtzebuerger Fraen eraus. Fir d'Ni Xia Lian war et déi fënneft Participatioun bei Olympia.

Mat hirem Match géint d'Südkoreanerin Yubin Shin huet déi 58 Joer al Lëtzebuergerin zwar knapps a siwe Sätz verluer, mee huet dobäi awer e Rekord etabléiert: nach ni war e Sportler esou al beim olympeschen Dëschtennis-Tournoi. Ee Rekord, deen an hirem Gebuertsland China net méiglech gewiescht wier, esou d'Sportlerin.

No hirer Defaite huet d'Ni Xia Lian sech enttäuscht gewisen, konnt awer laachen. Iwwer hir Defaite wier si enttäuscht, seet si nom Match am 100,7-Interview. "Ech hat eng Chance, mee ech hunn déi net genotzt." Hir Géignerin Yubin Shin wier jonk, "en neie Star" am Dëschtennis, déi aacht bis zéng Stonnen den Dag trainéiert. "Esou eng Aarbecht mécht den Ënnerscheed", esou d'Ni Xia Lian.

Sarah De Nutte: "Ech hunn alles ginn"

No dëser Defaite a wéinst de strenge Corona-Reegelen huet d'Ni Xia Lian elo just zwee Deeg fir ofzereesen a villäicht schonn iwwer déi nächst Olympesch Spiller zu Paräis nozedenken.

Do kéint och d'Sarah De Nutte dobäi sinn. Trotz knapper Defaite huet d'Spillerin Loscht op Olympia. Déi 28 Joer al Spillerin huet och a siwe Sätz verluer a konnt no der Defaite hier Tréinen net verstoppen.

"Ech fannen, datt ech gutt gespillt hunn, ech hunn alles ginn, ech hu gekämpft, ech hu kee Regret, dat hunn ech mer virgeholl ier ech heihi komm sinn."

Weider Lëtzebuerger Participatioune gëtt et an deene nächsten Deeg, dorënner déi zwee Schwëmmer Julie Meynen a Raphael Stacchiotti.