Radioen

On air

Resonanzen  |  Antonio Vivaldi - Concerto fir Gei a Cello a Sol Majeur, RV 814 "per Chiaretta e Teresa", I. Alle - Marianne Piketty (Gei/Dir.), Le Concert Idéal

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Ëmweltverbänn enttäuscht iwwer Klimakonferenz

COP27

Lëtzebuerger Ëmweltverbänn enttäuscht iwwer Klimakonferenz

D'Vertrieder vun den Ëmweltverbänn hei zu Lëtzebuerg weise sech gréissten Deels enttäuscht iwwer den Ausgang vun der Klimakonferenz zu Sharm El-Sheikh. De Mouvéco a Greenpeace sinn der Meenung, datt een net wäit genuch gaangen ass fir der Äerderwiermung entgéint ze kommen.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


De Mouvement Écologique reagéiert mat gemëschte Gefiller op den Ofschlossrapport vun der COP27. Déi negativ Gefiller wiere souguer méi staark, sou den Christophe Murroccu vum Mouvement Ecologique.

Mouvéco weist sech enttäuscht

D'EU huet sech zwar fir méi Ambitiounen ausgeschwat, wann et ëm d'Reduktioune vun den Zäregase geet, mee dat géif net duergoen. Beonrouegend wier och, datt d'1,5-Grad-Zil all Joers nei géif a Fro gestallt ginn.

Enttäuscht weist sech de Mouvement Ecologique awer virun allem doriwwer, datt ee bis op Weideres un de fossillen Energien festhält, seet de Christophe Murroccu am 100,7-Interview:

"Mir hunn nach ëmmer net de fossillen Phase-out, den Ausstig aus de fossillen Energien ass nach ëmmer net festgehale ginn."

De Géigendeel wier souguer de Fall: wärend der COP27 wieren och eng ganz Rei Gas- an Uelegprojeten decidéiert ginn. De Mouvéco schwätzt vun engen 20 Projeten. "Dat ass en absolutten No-go".

Greenpeace: COP27 gouf "torpedéiert"

Dës Kritik deelt och den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg, de Raymond Aendekerk. D'Länner, déi nach ëmmer vum Verkaf vun Ueleg a Gas ofhängeg sinn, hätten a sengen Aen d'Konferenz reegelrecht "torpedéiert".

An och hie gesäit d'1,5-Grad- Zil a Gefor. Déi puer Joer, déi een Zäit hätt, fir eppes ze änneren, déi wiere geschwënn eriwwer, sou den Raymond Aendekerk. De Bilan wier deemno duerchwuess:

"Et ass vläicht net onbedéngt ee Réckschrëtt, dee stattfonnt huet, mee de groussen Avancement, dee mir ëmmer missten hu vu Klimakonferenz zu Klimakonferenz, deen ass awer op jiddwer Fall ausbliwwen."

ASTM: "Affäire à suivre"

De Knackpunkt vun dëser Klimakonferenz ass wuel Decisioun, ee Kompensatiounsfong anzeriichten, fir d'Klimaschied an Entwécklungslänner auszegläichen, seet de Cédric Reichelt vun der Action Solidarité Tiers Monde.

Dat wier ee wichtege Schrëtt a Richtung Gerechtegkeet, an elo misst ee kucken, wéi séier déi Suen zesumme kommen, a wéi séier déi technesch Efforten ofgeschloss ginn, fir eng konkret Implementatioun ze erméiglechen. Ee genauen Montant a wien hei abezuele soll, ass nämlech net weider op der Klimakonferenz preziséiert ginn. De Cédric Reichel weist sech also virsiichteg optimistesch:

"Um Pabeier kléngt dat fir d'éischt mol no engem grousse Succès, mee affaire à suivre."

Kompensatiounsfong: Et feelen Detailer

Dat eenzegt gräifbaart Resultat wier de Kompensatiounsfong mat deem déi Länner, déi staark ënner dem Klimawandel leiden, gehollef solle kréien.

Mee och do si sech d'Vertrieder vu béiden Ëmweltverbänn eens, datt nach wichteg Detailer feelen. Et wier net kloer, wie bezilt a wie genau profitéiert: genau Montante wieren net genannt ginn.