Allerdéngs géifen am Gaardebau nëmme 15 Aarbechter gebraucht ginn, esou de Guy Feyder. De Besoin un Aarbechter bei der Wäilies nächste Mount ze decken, géif senger Meenung no méi eng grouss Erausfuerderung ginn. Do wiere bis ewell awer nëmmen e puer Leit gefrot ginn. Hien hätt den Androck, datt d'Offer vun jobswitch nach net bei all Wënzer ukomm wier, esou nach de Guy Feyder.
De Geméis a Wäibau, grad wéi d'Landwirtschaft, wieren nämlech mat vill kierperlecher Aarbecht verbonnen, seet de Guy Feyder, President vun der Landwirtschaftskammer.
"Déi net onméiglech ass, mee déi awer eng gewëss Übung brauch. A wann ee jo gesinn huet, datt besonnesch an deenen Domainen auslännesch Aarbechtskräften ënnerwee waren, déi och zum Deel aus Osteuropa komm sinn oder vu méi wäit ewech, dann huet dat jo och eppes domat ze dinn, datt hei zu Lëtzebuerg déi Aarbechtskräften net gi sinn."
D'Plattform jobswitch bréngt Leit am Chômage, Chômage partiel an Independanten a Verbindung mat Betriber, déi Aarbechtskräfte sichen. D'Betriber géifen awer net iwwer de beruffleche Profil vun de Leit informéiert ginn, esou nach de Guy Feyder. Den Zoufloss iwwer d'Plattform jobswitch géif bei Wäitem de momentane Bedarf un Aarbechter decken. Zum Beispill fir d'Spargel-Recolte. Den Ubau vu Geméis wier dem Guy Feyder no zu Lëtzebuerg net breet entwéckelt. Hie schwätzt vu ronn 20 Betriber.
"Mee wat sécher méi pertinent wäert sinn, dat ass de Wäibau deen am Mee an eng nei Saison erakënnt, wou Aarbechtskraaft gebraucht gëtt",
esou de Guy Feyder.
Den däitschen Innen- an Agrarministère wiere sech d'lescht Woch allerdéngs eens ginn, fir Aarbechter aus Polen a Rumänien awer ënner Oplagen areesen ze loossen, esou däitsch Medien. Dat kéint d'Situatioun hei am Land och entschäerfen, esou nach de President vun der Landwirtschaftskammer.