Ronderëm d' "Insel Lëtzebuerg" spëtzt sech d'Situatioun zou. Holland, Belsch Éisträich, Däitschland kämpfen géint d'Iwwerlaaschtung vun hire Spideeler.
D'Lëtzebuerger Coronapolitik bleift bis op Weideres awer onverännert. D'Paulette Lenert huet zwar virgewarnt datt méi restriktiv Mesurë kommen kéinten, sollt d'Situatioun sech verschlechteren - mee si bleift moderat mat hire potentielle Stellschrauwen. D'Gesondheetsministerin setzt virop op "Iwwerzeegungsarbecht" bei den Ongeimpfte fir den Impftaux eropzedrécken. Et kéint e méi strengen 2G-Regimm kommen, mee eng Impfflicht gëtt weider ausgeschloss. Et ass sech schwéier virzestellen, datt déi aktuell Mesuren duergi fir den Drock vu Covid-19 op d'Intensivstatiounen ewechzehuelen. Wa jiddweree geimpft wier, wier awer den Drock op d'Spideeler méi kleng a medezinescht Personal net dauernd um Rand vum Burnout.
Konsens nëmmen nach schwéier méiglech
Zënter datt gewosst ass dass Lëtzebuerg an enger véierter Infektiounswell ass, huet sech wéineg um Toun vun der Gesondheetsministerin geännert. Si bleift dem "Lëtzebuerger Modell" trei: moderat bleiwen, Konsens sichen, den Dialog oprecht erhalen. Wou ass awer Dialog méiglech wann ee Wëssenschaftler seet "Looss dech Impfen", an e Facebook-Held dir äntwert datt dann de Bill Gates däi Gehier kontrolléiert? Wou fënnt sech do nach e Konsens? Éisträich huet den Tabu gebrach: wann de Facebook-Held sech net impfe léisst, muss en an Zukunft eng Geldstrof bezuelen.
D'Radikaliséierung ass scho geschitt
Dat ass awer net de Lëtzebuerger Modell: Hei wëllt ee kee brüskéieren, well dat géif dozou bäidroen d'Gesellschaft ze splécken. Dobäi ass d'Gesellschaft (schonn zënter dem Ufank vun der Pandemie) gespléckt: tëscht deenen déi d'Corona-Mesurë bis elo acceptéiert hunn an enger Partie Leit, déi sech verfaangen hunn tëscht Verschwierungstheorien, Desinformatioun an politesch extreme Positiounen. D'Regierung condamnéiert weider keen, se weigert sech duerchzegräifen, an dat trotz Gewaltopriff op Telegram ënner anerem. Wann d'Regierung eng Radikaliséierung fäert ass et dofir elo schonn ze spéit.