Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger sinn, Lëtzebuerger ginn...

FRÄIE MIKRO

Lëtzebuerger sinn, Lëtzebuerger ginn...

D'Unhuele vun der Lëtzebuerger Nationalitéit gëllt gemengerhand als Héichpunkt vun enger gelongener Integratioun vun all Auslänner zu Lëtzebuerg. Mee ass dat esou? Wéi vill Auslänner, déi hei wunnen, ginn dann iwwerhaapt Lëtzebuerger - a firwat? Hëlleft eist Naturalisatiounsgesetz, den demokrateschen Defizit vun eisem Walrecht ze behiewen?

auto_stories

3 min

D'Laura Zuccoli ass Presidentin vun der ASBL ASTI, der Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés. Foto: Archiv

D'lescht Joer si ronn 9.400 Auslänner Lëtzebuerger ginn. Bal d'Hallschent vun hinnen huet d'Nationalitéit iwwer de Recouvrement kritt, andeems se nogewisen hunn, datt se e Lëtzebuerger Virfahre virun 1900 an der Famill hunn.

Si brauche weder hei zu Lëtzebuerg ze wunnen, nach Lëtzebuergesch ze schwätzen, si brauche mol keng Verbindung mat Lëtzebuerg ze hunn oder soss eng aner Viraussetzung ze erfëllen! Si wunnen an Amerika, a Brasilien oder an der Belsch a si kréien d'Lëtzebuerger Nationalitéit geschenkt.

Glécklecherweis ass de Recouvrement vun der Nationalitéit elo ofgeschaaft.

Mee wéi ass et mat deenen aneren? 4.100 Auslänner goufen 2020 Lëtzebuerger via Optioun an 844 via Naturalisatioun. Virun 10 Joer, wou et nach kee Recouvrement gouf, waren dat der 4.300, also vergläichbar bal vill ewéi haut, wann een de Recouvrement ofzitt. Et ass also kee Rush op d'Lëtzebuerger Nationalitéit zanter dem neie Gesetz vun 2017.

EU-Bierger: Wéi eng Virdeeler?

Allerdéngs werfen dës Statistike Froen op: firwat gëtt ee Lëtzebuerger? Firwat ginn net méi Leit, déi hei wunnen, Lëtzebuerger, trotz duebeler Nationalitéit an erliichterte Konditiounen?

D'EU-Bierger stelle 84% vun den Auslänner zu Lëtzebuerg. Als EU-Bierger huet een net vill méi Virdeeler, wann een d'Lëtzebuerger Nationalitéit huet. Et kann ee sech souwisou fräi beweegen an huet fräien Zougang zum Aarbechtsmaart.

Mat Ausnam vum nationale Walrecht huet een déi selwecht Rechter ewéi d'Lëtzebuerger.

D'Decisioun, fir Lëtzebuerger ze ginn, ass fir d'EU-Bierger deemno gréisstendeels emotional. Et ass e laange Prozess vum sech agewinnen a wuelfillen. Lëtzebuerg gëtt zur zweeter Heemecht.

Fir Net-EU-Bierger huet d'Lëtzebuerger Nationalitéit e ganz anere Stellewäert. Et bedeit endlech e sécheren Openthalt fir si an hir Famill a fräien Zougang zu eisem Aarbechtsmaart. Den europäesche Pass erliichtert hinnen d'Reesen uechtert d'Welt.

D'Lëtzebuerger Nationalitéit bitt an dem Fall Schutz a Sécherheet fir si an hir Famill. D'Zuele beleeën dës Tatsaach: ronn 5.500 Net-EU-Bierger vun 9.400 sinn 2020 Lëtzebuerger ginn. De Wonsch, Lëtzebuerger ze ginn, ass dann éischter en Zeeche vu Bedürfnis no enger manner suergevoller Zukunft.

Keng Verklengerung vum demokratesche Defizit

Et bleift fir vill Leit schwéier, Lëtzebuerger ze ginn. Matmënschen, déi wéinst hirem nidderege Bildungsniveau oder hire schwéieren Aarbechtskonditiounen nëmme schwéier Zougang zu Sproochecoursë fannen.

D'Nationalitéitegesetz dréit deemno net zur Verklengerung vum demokrateschen Defizit bäi. All Joer kommen 20.000 Mënschen aus dem Ausland nei op Lëtzebuerg wunnen. Do brauche mer aner Léisunge vu Biergerpartizipatioun.

D'Bierger eescht huelen an abezéie bedeit och, hiren Interessi un der Politik an un der Gesellschaft ze stimuléieren. Fir d'Erausfuerderunge vu muer ze meeschtere, brauche mer jiddereen.

Wa mer scho kee gläichberechtegt Walrecht fir all d'Awunner vun eisem Land wëllen, da musse mer aner Weeër aschloen, fir eng gerecht a verdéngte Bedeelegung vun alle Bierger um Entscheedungsprozess ze garantéieren - onofhängeg vun hirer Nationalitéit an hirer Kultur.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.