Radioen

On air

Tockcity  |  Babe Rainbow - Obsession

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Spideeler: Sich no Personal gëtt ëmmer méi schwéier

Gesondheetssecteur

Lëtzebuerger Spideeler: Sich no Personal gëtt ëmmer méi schwéier

Déi nei Well u Coronavirus-Infektioune setzt Lëtzebuerg ënner Drock fir séier neit Gesondheetspersonal ze rekrutéieren. De Konkurrenzkampf mat deenen aneren europäesche Länner spëtzt sech doduerch zou. Net nëmmen an der Nopeschregioun.

auto_stories

3 min

Zwee Drëttel vum Fleegepersonal, dat hei am Land schafft, wunnt am Ausland. Dat selwecht gëllt fir knapp d'Hallschent vun de 407 spezialiséierten Infirmier Anesthesiste-Reanimateur, déi, déi wärend der Corona-Pandemie gebraucht gi fir déi 132 Beootmungsapparater hei am Land ze bedéngen, esou d'Presidentin vun der Infirmiersassociatioun, d'Anne Marie Hanff. "Mir hunn zwar vill Beootmungsapparater, mee d'Personal, dat dat bedénge soll, dat kann all Moment vun hire Länner agezu ginn. Déi Gefor ass natierlech do."

Am Mäerz scho goufen et seriö Diskussiounen doriwwer ob Frankräich eventuell géif Personal aus Lëtzebuerger Spideeler mat Wunnsëtz an der Lorraine zeréckruffen. Schonn elo géifen et Engpäss beim Personal ginn, erkläert den Directeur des Soins vun den Hopitaux Robert Schumann. Ënner anerem duerch Ausfäll beim Personal wéinst Coronavirus-Infektiounen, Quarantänen a well Covid-19-Patiente méi Personal erfuerderen. "Mee dat ass och net esou einfach, well mir sinn net méi an der Situatioun, wéi mir am Mäerz waren, wou vun engem Dag op deen anere gesot gouf, elo halen déi non-Covid-Aktivitéiten op. An dofir ass dee Spagat bësse méi komplizéiert."

Schwierege Rekrutement

Den Ament gëtt iwwer eng weider Hausse vum Personalschlëssel an de Spideeler mat der CNS diskutéiert. Mee souguer wann d'Spideeler weidert Personal géif accordéiert kréien, wier et schwiereg Leit op nationalem Niveau ze fannen, seet de Christian Kirwel. Um Lëtzebuerger Marché wieren den Ament net vill Infirmieren, déi eng Aarbecht géife sichen. E Rekrutementsstopp aus dem Ausland, wéi eng belsch Deputéiert et rezent gefuerdert hat, géif e grousse Problem duerstellen.

"Also dat géif eis ganz sécher wéidoen. Ech kann dat net anescht soen. Also en normalen Turn Over vu Leit, déi der braucht, fir Congé maladie, Congé maternité, fir Retraiten, fir Congé sans solde ... do brauch ee scho ganz vill Leit, fir déi normal ze ersetzen. A wa muer nach dobäikennt, datt mir mol déi net méi ersat kréien an och keen Zousatzpersonal kennen astellen, well dann d'Grenzen an dem Sënn fiktiv zougemaach gi fir Rekrutementer ze maachen an deem Beräich, dann erlaben ech mir ze soen, datt mir e Problem hunn."

Op RTL hat d'Doktesch- an Zänndoktesch-Associatioun gesot, datt weider Rekrutementer aus dem Ausland dee falsche Wee wier. Net nëmmen zu Lëtzebuerg wiisst den Drock. Och op internationalem Niveau géif een eng ëmmer méi grouss Penurie am Gesondheetssecteur spieren, erkläert d'Presidentin vun der ANIL, d'Anne-Marie Hanff. D'Infiermiersassociatioun hätt rezent vun engem Spidol aus der Schwäiz eng Recrutements-Informatioun fir Infirmier- Anästhesist-Reanimateur geschéckt kritt. Et géifen effektiv och "ëmmer nees" Lëtzebuerger Infirmiere ginn, déi an d'Schwäiz schaffe ginn.

Lëtzebuerg misst méi Personal selwer forméieren

Fir Lëtzebuerg manner ofhängeg vum Ausland ze maachen, misst d'Formatioun ausgebaut ginn, an de Beruff hei am Land méi valoriséiert ginn, seet d'Anne Marie Hanff. Bis elo hätt sech nach näischt geännert.

Schonn zanter Laangem géif Lëtzebuerg et net méi packe selwer genuch Leit am Gesondheetssecteur ze forméieren. Dat géif net nëmmen un engem Manktem un Interessi vu Jonke Leit un dem Beruff leien, esou d'Anne-Marie Hanff, mee dorun, datt d'Capacitéiten hei am Land net do wieren.