Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Trio Sud - Darn That Dream

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Start-uppen op der CES: Eng wichteg Opportunitéit

Consumer Electronics Show

Lëtzebuerger Start-uppen op der CES: Eng wichteg Opportunitéit

Vun haut bis Enn der Woch ass zu Las Vegas d'Consumer Electronic Show, eng vun de weltwäit gréisste Foirë fir nei Technologien. Mat derbäi sinn och 16 Start-uppen aus Lëtzebuerg - dat sinn der duebel souvill, wéi nach d'lescht Joer. Dës Präsenz vun Entreprisë vun hei aus dem Land wier immens wichteg, seet den Tom Baumert, den Direkter vum Entrepreneuriat vun der Chambre de commerce, um Mikro vum Christiane Kleer. Déi 16 Entreprisë si vun der Firma Luxfactory zesumme mat der Handelskammer ausgewielt ginn.

auto_stories

3 min

Foto: picture alliance / Jason Ogulnik/dpa

Do gouf en Appel a candidature gemaach, op dee sech ronn 100 Entreprisë gemellt hunn. Doraus sinn der du 16 ausgewielt ginn. Déi goufen och vun der CES selwer nach eng Kéier validéiert. Do gëtt also net all Entreprise direkt ugeholl, fir datt d'Qualitéit op der Foire garantéiert ass.

Wéi eng Plaz huet Lëtzebuerg eigentlech op esou enger Foire. Et gëtt jo scho vill versicht, fir Lëtzebuerg als Start-up Nation duerzestellen. Ass dat scho gegléckt, oder gëtt Lëtzebuerg nach e bësse belächelt?

Nee, wann ee mat gudden Technologien dohi geet, da gëtt een och eescht geholl. Vu ronn 900 Start-uppen sinn der 300 aus den USA, 300 aus Frankräich an dann nach eng Kéier 300 aus dem Recht vun der Welt. Do si mir mat 16 vum Rescht vun der Welt net schlecht representéiert. Ee ganz flott Beispill ass dëst Joer Lux AI, déi ee Roboter entwéckelt hu fir autistesche Kanner ze hëllefen, déi elo souguer nach en Award wäert gewannen. Dat weist jo awer, datt Lëtzebuerg Technologien huet, déi kënne mathalen.

Wat erwaart déi Entreprisen elo sur Place, wéi wäerte se do musse virgoe fir sech bemierkbar ze maachen?

All Entreprise huet jo mol e Stand, wou se mat Investore schwätze kënnen. Si huelen awer och alleguer u Pitchingen deel, wou se hir Projete potentiellen Investore kënne virstellen.

Wann een elo déi Lëscht vun de 16 Lëtzebuerger Start-uppe kuckt, dann ass et fir de Laie schwéier fir eng ze fannen, déi ee wierklech kennt. Läit dat an der Natur vun der Saach?
Jo, well eng Start-up eng jonk Entreprise ass. Dofir sinn d'Nimm meeschtens net bekannt. Lux AI ass ee Beispill wat e bësse méi bekannt ass, mee generell fënnt een d'Nimm éischter an der spezialiséierter Press erëm, déi iwwer Start-uppen berichten.

Wéi schätzt Dir d'Ënnerstëtzung vun der Start-up Industrie zu Lëtzebuerg an, wann Dir de Koalitiounsaccord kuckt?

Et gëtt eng Ënnerstëtzung fir dee Beräich an et gesäit een, datt sech an de leschte Joren och vill gedoen huet. Wann een d'Incubateuren an der Stad Lëtzebuerg oder an aneren Deeler vum Land kuckt, da gesäit een, datt sech vill gemaach huet, an datt och vill gemaach gouf. Et gouf och ganz vill an deem Beräich sensibiliséiert, och d'Politik ass op d'Start-up Nation opmierksam ginn, elo misst déi zweet Phas agelaut ginn an do gëtt et natierlech nach eng ganz Rei Mesuren, déi de Start-uppen d'Liewe méi einfach maachen. Virun allem um finanzielle Volet muss nach geschafft ginn, well do hunn d'Start-uppen awer deelweis hir Problemer fir Finanzementer ze fannen. Et gi scho ganz vill gutt Iddien, déi awer och dann elo iergendwann missten ëmgesat ginn.

Zum Beispill?

Steierlech Virdeeler fir Leit, déi an esou Entreprisen investéieren. Dat ass an eisen Nopeschlänner de Fall. Mir wieren natierlech frou, wann déi Piste weider verfollegt géif ginn a wa sech dëse Punkt géif konkretiséieren.