Radioen

On air

Resonanzen  |  Ermanno Wolf-Ferrari - Intermezzo, aus der Oper "I quatro rusteghi" - Oviedo Filarmonía, Friedrich Haider (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger zu Kiew: Oniwwersiichtlech Situatioun

Ukrain-Konflikt

Lëtzebuerger zu Kiew: Oniwwersiichtlech Situatioun

Op der Plaz gëtt d'Situatioun als oniwwersiichtlech erlieft, seet eis ee Lëtzebuerger, deen zu Kiew wunnt. D'Onsécherheet wier grouss, sou den Daniel Porcedda. Hien hält sech den Ament mat senger Famill a senger Wunneng op.

auto_stories

1 min

Gëschter ware si dee Raum kucke wou si sech, dem Kiewer Buergermeeschter no, solle verschanzen, wann et an hirem Bezierk zu engem Fligeralarm kënnt. Dat wier eng "Ernüchterung" gewiescht, sou den Daniel Porcedda.

Dat Gebai wier eng kleng Schoul vun engem oder zwee Stäck gewiescht an déi am Eeschtfall just Fraen a Kanner era gelooss géife ginn. "Wat fatal ass, well an deem Bezierk wou mir hei wunnen, liewe puer dausend Leit", sou den Daniel Porcedda.

Lauschterenplay_arrow

Do wou hie mat senger Famill wunnt géif een zwar ëmmer erëm Explosiounen héieren, mee et géif een näischt dovu gesinn.

Hien hat mat senger Famill decidéiert op der Plaz ze bleiwen: fortzegoen wier aktuell méi geféierlech, sou seng Aschätzung.