Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Artaban - Jeans En Cuir

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liberté syndicale a Gefor?

Arméi

Liberté syndicale a Gefor?

D'Iwwerorganisatioun vun der Police an Arméigewerkschaft fuerdert d'Ofsetzung vum Chef d'Etat major Alain Duschène, well hien inakkurat Aussoen am Dossier Christian Schleck gemaach hat. Op der Pressekonferenz vum SPFP, op där d'Wouerecht op den Dësch sollt kommen, sinn awer Widderspréch opgetaucht. D'Fro ass: Wiert d'Gewerkschaft sech prinzipiell dogéint, datt de Gewerkschaftler Christian Schleck versat gëtt, oder well hien op sengem neie Posten net méi senger gewerkschaftlecher Aarbecht kéint nogoen.

auto_stories

4 min


De Bäitrag vum Michèle Sinnerplay_arrow


D'lescht Woch hat d'CGFP dem Christian Schleck de Réck gestäipt. De CGFP President Romain Wolff hat der Regierung en Ultimatum gestallt, sech zur Liberté syndicale ze bekennen, déi am Fall Schleck géing ageschränkt ginn.

"An de Clou vun der Geschicht ass eigentlech och deen, datt den Här Schleck op eng Plaz versat gouf, wou, ech soen et einfach esou, hie senge gewerkschaftlechen Aktivitéite jiddefalls net méi kann nokommen. Hie muss also praktesch seng Gewerkschaftsaarbecht un den Nol hänken. Hien ass total an deem Beräich handlungsonfäeg ginn doduerch, a mir soen däitlech, hei gëtt d'Liberté syndicale a Fro gestallt."

Den SPFP-President Pascal Ricquier wollt net wierklech erklären, firwat dat esou wier. "Dat ass net just secret, mee top secret", sou de Pascal Ricquier.

Och dem Christian Schleck säin Affekot seet, op deem neie Posten am Bureau d'ordre auxilliaire vun der Arméi kéint de Christian Schleck, bis ewell am Rekrutementsbureau täteg, sech zu 98 Prozent net méi äusseren, mol net en interne, am Comité vum SPAL.

Keng Verbindung tëschent Récktrëttsfuerderung an Incompatibilitéit?

Allerdéngs, sou de Pascal Ricquier och, wier d'Récktrëttsfuerderung géint den Alain Duschène schonn am Juni an am Oktober am Comité vum SPFP diskutéiert ginn. Dat obwuel de Christian Schleck sech eréischt déi lescht Woch bewosst gi wier, datt säin neie Posten inkompatibel mat senge Gewerkschaftsaktivitéite wier. Op d'Nofro hi sot de Pascal Ricquier, d'Récktrëttsfuerderung géint den Alain Duschène hätt näischt mat dëser Incompatibilitéit ze dinn.

"Domat huet et näischt ze dinn. Et ass, datt de Christian Schleck op eng aner Plaz versat gëtt, wou dat ass, ass guer net wichteg. Dat ass guer net wichteg. Den Här Schleck ass net averstanen, datt en iwwerhaapt op eng aner Plaz kënnt."

Den SPFP argumentéiert, d'Versetzung u sech wier net richteg, well d'Prozeduren net agehalen gi wieren, a well de Christian Schleck intimidéiert gi wier. Dat mécht den SPFP un enger SMS fest, déi de Christian Schleck eng hallef Stonn virun der SPAL-Generalversammlung am Mee krut. De Pascal Ricquier huet se virgelies:

"Moien, ech wollt och ee RV oofmaache fir iwwer är Zukunft. Wéini sidd Dir um CM. Dat ass de Centre militaire. Merci an e schéinen AGO."

Hänkt d'Versetzung mat der Gewerkschaftsaktivitéit zesummen?

Den SPFP stellt och e kloren Zesummenhang tëschent der Versetzung an der Gewerkschaftsaarbecht hier, well am éischte Brouillon, vun der Evaluatioun, déi de Christian Schleck den 3. Juni ënnerschriwwen huet, laut Pascal Ricquier stoung:

"Etant donné qu'il est assez souvent absent suite à des obligations syndicales, il faudra cependant veiller à ce que son Engagement pour la représentation du personnel n'impacte pas trop sa fonction BIA."

Dem Christian Schleck säin Affekot seet, säi Mandant hätt am Prinzip d'Recht op 70 Deeg Congé syndical am Joer. Jee nodeems kéinten awer bis zu 100 Deeg brutto beienee kommen.

Den SPFP ass der Meenung, d'Versetzung u sech wier illegal, well de Prinzip vun der Rotatioun, op dee sech den Etat major berifft, keng gesetzlech Grondlag hätt. De Gilles Feith, Coordinateur général vun der Defense, seet op Nofro hin, dee Prinzip wier néideg, fir datt d'Leit an der Hierarchie kéinte progresséieren a géif och bei allen alliéierten Arméien applizéiert.

De Christian Schleck huet den 3. Juni seng Evaluatioun ënnerschriwwen. An engem Extrait doraus, deen den SPFP virgeluecht huet, seet hien, hie wier net Demandeur fir eng Reaffektatioun, au contraire.