Radioen

On air

De Weekend  |  PICelectroNIC

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liberty House: EU-Kommissioun muss Verantwortung iwwerhuelen

Stolindustrie

Liberty House: EU-Kommissioun muss Verantwortung iwwerhuelen

Wéi geet et mam Galvaniséierungswierk zu Diddeleng weider? Zanter der Faillite vum Financier vum Proprietär Liberty House steet déi Fro am Raum. An deem Dossier kënnt een net dolaanscht, d'Roll vun Europa ze thematiséieren. Déi fréier Galvalange ass nämlech just un de brittesch-indesche Geschäftsmann Sanjeev Gupta verkaaft ginn, well déi europäesch Konkurrenz-Autoritéiten dat esou verlaangt hunn.

auto_stories

6 min

Leschten Donneschdeg huet de Wirtschaftsminister Franz Fayot d'Deputéiert an Wirtschaftskommissioun vun der Chamber iwwer d'Situatioun am Galvaniséierungswierk zu Diddeleng informéiert - gewuer gouf een dono awer näischt Neies. D'Situatioun wier komplex a fir keng Léisungspiste mat Indiskretiounen ze verdierwen, gouf de Huis clos ausgemaach.

De Grupp Liberty Steel wier an "Turbulenzen", huet de Franz Fayot gesot, mee hien huet sech net geäussert, ob se weider am Giron vum Här Gupta sengem Grupp géif bleiwen, oder ob eng aner industriell Léisung misst fonnt ginn.

Wéi d'Finanzgesellschaft Greensill am Mäerz Faillite gemaach huet, huet sech erausgestallt, datt dem Sanjeev Gupta seng Firmen ënner dem Dach vun GFG - je no Presseberichter - tëscht fënnef a sechs Milliarden Euro Scholden do haten. Et geet vun Tricksereien mat Rechnungen rieds, op Basis vun deenen d'Firme Suen geléint kruten. Well kee Geld méi vu Greensill koum, feelt et am Grupp GFG elo u Liquiditéit an déi viregt Woch goufen a Frankräich dräi Betriber vun der Aluminium-Sparte a Cessation de Paiement gesat.

Kritik un den EU-Autoritéiten

Datt d'Wierk zu Diddeleng u Liberty House verkaf gouf an elo zu GFG gehéiert, geet op eng Decisioun vun den EU-Konkurrenzautoritéiten zeréck. Virun iwwer dräi Joer wollt Arcelor-Mittal dat gréisste Stolwierk an Europa kafen: Ilva am italieneschen Taranto. D'EU-Kommissioun huet du fonnt, Arcelor-Mittal géif mat enger Part de Marché vun iwwer 40 Prozent a bestëmmte Produiten ze dominant ginn um europäesche Marché. Dofir missten aner Wierker verkaaft ginn, wéi dee Volume ze kompenséieren

Schonn deemools hat de Wirtschaftsminister Etienne Schneider déi Decisioun an d'europäesch Konkurrenzrecht, op deem se baséiert huet, kritiséiert. Et géif ee sou europäesch Firmen et net erlabe fir "weltwäite Champion" ze ginn, well se forcéiert gi Wierker ze verkafen, wa se en anert Wiert an Europa wëllen opkafen.

De Choix vun de Wierker, déi verkaf goufen, hat Arcelor-Mittal gemaach an d'EU-Kommissioun hat d'Lëscht approuvéiert. Wéi kloer war, datt Diddeleng drop stoung, huet den Etienne Schneider versicht zu Bréissel ze intervenéieren an d'Oppositioun opgefuerdert, sech unzeschléissen.

Och d'Gewerkschaften haten deemools de Choix vun de Sitte kritiséiert, well, wéi den Jean-Claude Bernardini vum OGBL sot, dohannert eng Rationaliséierung zugonschte vun Arcelor-Mittal stéing:

"Si verkafe sechs oder siwen Sitten mat iwwer 13.000 Leit, a si kafe fir dee nämmlechten Tonnage e Site op mat 10.000 Leit. Dat heescht si hu vun haut op muer automatesch Produktivitéitsgewënner, déi se op eng relative bëlleg Aart a Weis kënnen duerchzéien."

Site vun Diddeleng ass vu Liwwerungen ofhängeg

Deen anere Probleem, virun deem d'Gewerkschafte gewarnt haten: de Site vun Diddeleng ass keen integréierte Site, dat heescht d'Coils, also Blechrullen, déi do zu Autostol oder Verpackungen weiderverschafft ginn, musse vun aneren Sitte geliwwert ginn. An déi koume bis dohi vu Arcelor-Mittal zu Florange - wou Arcelor-Mittal dee Moment iwwregens nei Galvaniséierungsstroosse gebaut huet, déi innerhalb am Grupp a Konkurrenz mat Diddeleng gaangen wieren.

Fir datt Diddeleng kéint iwwerliewen, gouf dowéinst ënner der Kontroll vun der EU-Kommissioun e Kontrakt tëscht Liberty House an Arcelor-Mittal opgestallt, deen Arcelor-Mittal obligéiert huet, Diddeleng iwwer fënnef Joer no der Transaktioun eng gewëssen Quantitéit Coils zu fixe Präisser ze liwweren.

Et goufen awer schonn e puer Méint Sträit tëschent deenen zwou Entreprisen, erkläert de Robert Fornieri vum LCGB. Arcelor-Mittal hätt d'Klausele vum Vertrag net respektéiert, mee si hätte gesot, datt Liberty House se net géif respektéieren. Et wier deemno zu Sträit komm a wéinst Liwwerenkpäss a Retarde beim Bezuelen.

De Moment géif d'Produktioun zu Diddeleng op 40 Prozent vun de Kapazitéiten dréien, seet de Robert Fornieri, an dat géif net un der Covid-Kris leien. D'Pandemie hätt e ganz geréngen Impakt op d'Entreprise, mee d'Faillite vu Greensill an d'Streidereien tëschent Liberty House an Arcelor-Mittal wieren dorunner Schold.

An deen ee Problem amplifiéiert deen aneren, well wann Diddeleng um Marché muss Coilse kafen, déi antëscht méi deier sinn, wéi dee mat Arcelor-Mittal fixéierte Präis, geet d'Rentabilitéit erof an de Businessplang net op, deen d'EU-Kommissioun approuvéiert huet.

Prekär Finanzsituatioun

Mee och schonn virun zwee Joer, wéi d'Kommissioun d'Vente vun de sechs Arcelor-Mittal-Sitte fir 740 Milliounen Euro u Liberty House approuvéiert hat, hu sech d'Gewerkschafte Froen driwwer gestallt, wou de Sanjeev Gupta un déi vill Suen géif kommen, fir esou schnell am Stolsecteur ze expandéieren.

Déi Fro haten déi europäesch Gewerkschaften deemools och der EU-Kommissioun an enger Reunioun gestallt. Schliisslech heescht et an de Konditioune vun der Kommissioun hiren Konkurrenzservicer, de Repreneur misst finanziell staark genuch si fir d'Wierker weiderzebedreiwen. Deemools gouf eng detailléiert Analyse versprach.

De Robert Fornieri freet sech haut firwat d'Kommissioun Liberty House als Acquereur konnt zouloossen, wann d'Finanzsituatioun esou prekär war.

"Est-ce qu'elle s'en est pas aperçu? Alors là c'est grave. Ou est-ce qu'elle s'en est aperçu mais n'a pas pu estimer à sa juste valeur de dangerosité que cela pouvait avoir comme conséquence pour l'avenir des sites et des emplois. On parle de 30.000 salariés."

Dobäi huet d'Kommissioun selwer verlaangt, datt d'Kafoffer vu Liberty House misst nogebessert ginn. Notamment huet si gefuerdert, datt Liberty House méi eege Fongen misst abréngen. An net, wéi proposéiert, d'Wierker vun Arcelor-Mittal kéint kafe mat Suen, déi deels vun Arcelor-Mittal geléint wieren.

Dono huet se d'Offer akzeptéiert, et war och d'Kommissioun, déi gedréckt hat, datt Liberty House all sechs Wierker géif kafen, amplaz datt et verschidde Repreneure géif ginn. An dat obwuel et schonn deemools Presserberichter gouf, datt mat Rechnunge vu GFG-Firmen getrickst gouf, fir Prêten ze kréien.

Pandemie hëlleft de Betriber

Op eng gewësse Manéier ass d'Covid-Kris de Wierker elo entgéint komm, erkläert de Robert Fornieri. Si konnten doduerch nämlech op nationalem Niveau Finanzhëllefen ufroen. Ouni d'Pandemie wier een also an enger méi desastréiser Situatioun, wéinst de situatiounsbedéngte Prête kéinten d'Wierker op d'mannst weider funktionéieren.

17 Milliounen staatlech garantéiert Covid-Prête soll Liberty House Diddeleng kritt hunn. Ëmmerhin zéng Prozent vun allen staatlech garantéierte Covid-Prêten. De Robert Fornieri huet de Gedanken opginn, datt d'Wierk innerhalb vum Grupp Liberty House ka weider bedriwwen ginn. Mee wat dann? Zeréck bei Arcelor-Mittal?

An der Decisioun vun deemools steet, datt Arcelor-Mittal d'Wierker wärend zéng Joer net däerf zeréckkafen. Op Nofro confirméiert d'EU-Kommissioun, datt all Konditiounen applicabel bleiwen.

An dat obwuel den Ilva-Deal, wéinst deem all déi Konditiounen gesat goufen, esou net zustane komm ass. Tatsächlech gëtt elo eng Joint-Venture tëscht Arcelor-Mittal an dem italienesche Staat, wou Roum d'nächst Joer Majoritéitsaktionär gëtt. Eng Operatioun, déi d'Kommissioun dëse Januar approuvéiert huet.

EU-Kommissioun huet Responsabilitéiten ze iwwerhuelen

Fir de Robert Fornieri huet d'EU-Kommissioun eng Responsabilitéit an dësem Dossier, an där misst si sech och unhuelen: de sozialen Impakt misst bei den Decisioune mat a Betruecht geholl ginn. Hien huet der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen e Bréif geschriwwe fir eng Entrevue ze froen. Hei wëllt hien dat méi genee erklären.

De Wirtschaftsminister Franz Fayot gesäit dat änlech.

"Dat weist sech haut, datt dat am Fong eng schlecht Decisioun war vun der EU-Kommissioun, fir Arcelor-Mittal ze forcéieren, déi [véier] Wierker, wou och Diddeleng a Léck dobäi waren, fir déi missen un de Grupp vum Här Gupta ze cedéieren. Dat kennt aus enger depasséierter konkurrenzrechtlecher Logik eraus, Contôle des concentrations, dee net méi zäitgeméiss ass, an dat weist sech haut. Do huet d'EU-Kommissioun ganz sécher eng Responsabilitéit an där Geschicht. "

Och hien huet Wëlles der Kommissioun dat, le moment venu, ze erklären.