Radioen

On air

Notturno  |  The Whispers - Keep On Lovin' Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi "Sturzfluten" wéinst Klimawandel

Waasserwirtschaft

Méi "Sturzfluten" wéinst Klimawandel

Méi hefteg Reefäll am Summer mat Iwwerschwemmungen a Schied, kënnegt den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt un. De Jean-Paul Lickes plaidéiert fir eng systematesch Preventioun an Zesummenaarbecht mat de Gemengen. Retentiounsbecken, Flutpolder, Renaturéierung, an eng "schlau" Urbaniséierung a Waassergestioun sollen de Wuesstem an de Klimawandel begleeden.

auto_stories

3 min

An Zukunft wäert et méi heefeg esou hefteg Reefäll ginn, wéi virun enger Woch am Dall vu der Iernz, seet den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt. Enger Etude no wäert d'Quantitéit u Reen iwwer d'Joer gekuckt awer déi selwecht bleiwen. De Klimawandel géing an eise Géigenden dozou féieren, datt et am Wanter 15 Prozent méi wäert reenen, an am Summer 15 Prozent manner. A wann et dann am Summer reent, ass mat "Sturzfluten" ze rechnen, déi schwéier viraus ze soen sinn, an och grouss Schied maachen, seet de Jean-Paul Lickes.

Dat hätt domadder ze dinn, datt Lëtzebuerg op der Waasserscheid läit tëscht den zwee grousse Anzuchsgebidder vun der Meuse an dem Rhäin. Zu Lëtzebuerg ginn et dowéinst vill kleng Baachen an Flëss déi bei Sturzfluten iwwerlafen an Iwwerschwemmunge provozéieren. Op engem méi grousse Floss wéi der Musel, hätten hefteg massiv Reenfäll net dee selwechten Impakt. Nieft der Iernz wären och am Fall vun der Mamer, der Syr an der Klierf Sturzfluten an der Zukunft méiglech.

Differenzéiert Waassergestioun

Fir gréisser Schied ze verhënneren misste fir d’Zukunft op Gemengenniveau systematesch Retentiounsbecke gebaut ginn, seet den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt. "Sturzfluten" kéint een nämlech net viraus gesinn an evitéieren. Rententiousbecken kéinten de Schued a Grenzen halen. Doduerch géing den Oflaf an d’Baachen gepuffert ginn, fir datt d’Waasser net als Flutwell an d’Flëss geet.

D'Versigelung vum Buedem duerch Urbaniséierung misst esou geréng wéi méiglech gehale ginn, fir datt d’Waasser an den Ënnergrond kann andréngen. Dat kéim och dem Grondwaasser ze gutt. Do wou zoubetonéiert géing ginn, wär d’Grondwaasser gestresst, well eng Recharge vum Grondwaasserkierper verhënnert géing ginn.

Lobbyaarbecht bei de Gemengen

“Ech hoffen, datt den Incident am Iernzdall als en Alarmsignal an de Gemengen verstane gëtt”, seet de Jean-Paul Lickes. Fir déi néideg Infrastrukturen ze schafen, misst nach vill Lobbyaarbecht bei de Gemengen gemaach ginn.

Nieft de Retentiounsbecken missten och Reewaasser- a Schmotzwaasseraxe gebaut ginn. Oft géing dat alles an ee Kanal oflafen. “Bei Héichwaasser op den Déifpunkten an Uertschaften sprange dann Kanaldeckelen op. Dat muss entflecht ginn”, esou den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt.

Dat géing grouss Investitiounen viraussetzen. D’Waasserinfrastruktur mëscht dem Jean-Paul Lickes no, elo schonn 50 Prozent vum Gemengepatrimoine aus. Mat der Drénkwaasserversuergung, der Ofwaasserentsuergung, an der Reewassergestioun, kéim een op e kolossale Chiffer.

Schlau de Wuesstem bewältegen?

Renaturéierungen hätten eng romantesch Konnotatioun bei de Leit. Derbäi ass et fir de Jean-Paul Lickes eng technesch Mesure fir verschidde Schied ze vermeiden. De Baachen sollt een nees déi Plaz ginn, déi se virun 100 Joer haten. Dernieft sollte Flutpolder virgesi ginn.

De Jean-Paul Lickes mengt net, datt den demografesche Wuesstem radikal misst gebremst ginn fir Ëmweltschied duerch Zersiidlung an Urbanisatioun ze verhënneren. Wann ee sech schlau géing uleeën, géing een de Wuesstem bewältegt kréien, ouni waasserwirtschaftlech negativ Konsequenzen. Holland géing dat beweisen. Do hätten Wasseringenieuren dat a Ballungszentren fäerdeg bruecht.

Anescht wéi bei de véier sektoriellen Pläng an der Vergaangenheet, ass d’Waasserwirtschaftsamt dës Kéier um Ausschaffen vun der Landesplanung bedeelegt ginn, seet de Jean-Paul Lickes. Doduerch wär eng méi harmonesch Entwécklung vum Land garantéiert.