Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liewen an Aarbecht

Chronik

Liewen an Aarbecht

Duerch eng weider Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten, mat engem Recht op Deelzäitaarbecht aus familiäre Grënn, wëllt déi nei Dräierkoalitioun deenen déi schaffen nach méi Zäit ginn, sech ëm Kanner a Famill ze bekëmmeren. Eng gutt Geleeënheet, fir sech Gedanken iwwer déi sougenannte work-life balance ze maachen, mengt de Pierre Reyland an der Chronik.

auto_stories

3 min

De Pierre Reyland

Déi geplangten nei Mesure fir d'Aarbecht méi flexibel kënnen ze gestalten ass de Congé parental plus, deen d'DP am Wahlkampf ugekënnegt huet. Mee deen, am Regierungsprogramm net méi ënner deem Numm, mee als "Recht op Deelzäitaarbecht aus familiäre Grënn" virgesinn ass.

Eng weider Mesure also fir déi klassesch Liewenssituatioun "Famill mat Kanner" ze ënnerstëtzten. Mee mat där déi klassesch Rolleverdeelung an där Situatioun, vu Männer déi schaffen a Fraen, déi sech doheem ëm d'Kanner bekëmmeren, weider moderniséiert an opgehuewe soll ginn.

Deelzäitaarbecht méi systematesch encouragéieren

Deelzäitaarbecht kann een zwar elo scho beim Patron ufroen, an et ginn der scho vill, déi net 100 Prozent schaffen. An Zukunft wëllt de Staat dat awer méi systematesch encouragéieren. An zwar andeem et finanziell ënnerstëtzt gëtt: An der Period, wou ee manner schafft an och manner verdéngt, soll de Staat d'Kotisatiounen an d'Pensiounskeess ausgläichen, fir datt do kee Lach entsteet. An et ass virgesinn, datt mam neie Recht op Deelzäitaarbecht och d'Garantie kënnt, fir no der Zäit, wou ee manner schafft, deeselwechte Job à plein temps nees zeréckzekréien.

Dat ënner bestëmmte Konditiounen, déi nach ze definéiere sinn a bei Betriber vu 50 Employéen oder méi. An och nëmme mam Akkord vum Patron, steet am Koalitiounsaccord. Alles dat soll mat de Sozialpartner ausgehandelt ginn. Déi Verhandlungen dierfte schwiereg ginn.

Diskussioun mam Patronat kéint schwéier ginn

D'Patronat weist elo schonn op eventuell Problemer hin a warnt virun organisatoreschem Chaos, och bei grousse Betriber. Den Direkter vun der UEL huet zum Beispill gesot, déi rezent Problemer bei der Post an der Police kéint ee schonn am Kontext vu méi flexibelen Aarbechtszäite gesinn.

D'Familljeministesch Corinne Cahen betount: An Zäite vun ëmmer méi Stress, Burn-out, Information overload an aneren Niewewierkunge vun der Aarbecht am 21. Joerhonnert, sollten d'Betriber vläicht méi Wäert op d'Wuelbefannen, de Bien-être vun hiren Employéë leeën.

Alles schéin a gutt, seet d'Patronat. Mee, dat neit Recht op Deelzäitaarbecht misst begleet gi mat enger Reform vum Aarbechtsrecht. Wat am Koalitiouns-Accord generell och ugeduecht gëtt. Esou eng Reform vum Aarbechtsrecht kéint dann a Richtung goe vu méi laangen, zäitlech limitéierte CDDen, oder neie Forme vun Interimkontrakter. Wat bei de Gewerkschafte riskéiert als weidert Zeechen ugesinn ze gi vun der "Uberiséierung" vun der Aarbechtswelt. Der Tendenz also, datt zäitlech onbegrenzte CDIen ëmmer méi rar a méi prekär oder "flexibel" Aarbechtskontrakter ëmmer méi heefeg ginn.

Eng Diskussioun, déi sech vill Leit net leeschte kënnen

D'Dräierkoalitioun schéngt op alle Fall fest entschloss, weider Mesuren ëmzesetzen, dorënner och den Télé-Travail fir eng Verbesserung vun der "work-life balance". E Begrëff, deen iwwregens am Koalitiounsaccord och op Englesch steet. An deen déi, déi sech et leeschte kënnen, manner ze schaffen, ureegt, sech déi grouss Froen ze stellen: "Lieft ee fir ze schaffen, oder schafft ee fir ze liewen"?

Woubäi vill Leit sech de Luxus vun esou Gedanke guer net leeschte kënnen. Fir si geet et manner ëm d'Gläichgewiicht tëschent Aarbecht a Liewen a vill méi ëm d'Iwwerliewen. An och am räiche Lëtzebuerg ginn et der ëmmer méi, déi net gutt liewen oder iwwerliewe kënnen, mat deem, wat se schaffen, oder schaffe mussen.