Radioen

On air

De Moien  |  Notre Dame zu Paräis: Wou sinn d`Arbichten fir den Opbau dran?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liquidation simplifiée fir City Radio Productions?

Radio ARA

Liquidation simplifiée fir City Radio Productions?

An de Kulisse vu Radio ARA kënnege sech eisen Informatiounen no Changementer un, vun deenen een op der Antenn awer näischt mierke soll, op jiddwer Fall net direkt. Dat soen déi Bedeelegt op Nofro hin. Et geet ëm ARA City Radio, déi engleschsproocheg Fënster, déi vu mueres sechs bis mëttes zwou op de Frequenze vum Radio 102,9 an 105,2 leeft.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vum Maurice Molitor lauschterenplay_arrow


D'Emissiounen an deem Creneau si bis elo produzéiert gi vun enger Gesellschaft mam Numm "City Radio Productions". Eng S.A., déi sech selwer iwwer Publicitéit finanzéiert huet, an déi d'Sendezäit wiertes tëschent sechs an zwou beim Radio ARA gelount - an och dofir bezuelt - huet.

Eng Liquidation simplifiée

Et ass där S.A. awer ëmmer méi schwéier gefall nach Annonceuren ze fannen, sou datt sech iergendwann ofgezeechent huet, datt se finanziell kéint an d'Laberente geroden. Fir enger Faillite zevirzekommen ass op der leschter Assemblée générale Enn Januar d'Decisioun geholl gi fir d'Prozedur vun de Liquidation simplifiée anzelauden.

Dofir ginn all d'Aktien vun der S.A. verkaaft un "Alter Echos"; dat ass d'Sàrl, déi de Radio ARA exploitéiert. Si iwwerhëlt domat den Actif an de Passif vu "City Radio Productions", och deen eenzege Mataarbechter, deen am Moment nach do schafft. An da wäert d'S.A. opgeléist ginn.

Nach mussen eng Rei Aktionären hir Ënnerschrëft dofir ginn - well et zu där fräiwëlleger Liquidatioun awer keng wierklech Alternativ gëtt, misst ee kënnen dovun ausgoen, datt si dat all maachen, sot eis den Administrateur Jacques-Yves Henckes.

Et kéint enk ginn

Mat där Transaktioun iwwerhëlt "Alter Echos" keng Schold, kritt awer eng Pai ze bezuelen, an "Alter Echos" entgeet och d'Recettë vun der Locatioun vu Sendezäit. De Radio Ara hofft staark dorop, datt him am Kader vun der Medien- a Pressehëllefdebatt déi usteet, eng finanziell Ënnerstëtzung vum Staat zougesot gëtt. Soss kéint et enk ginn.

Fir déi nächst Méint ze iwwerbrécke kéint an noer Zukunft en Appell fir Crowd funding lancéiert ginn.