Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LIST: De Fusiounsprozess ass ënnerschat ginn

Fuerschung

LIST: De Fusiounsprozess ass ënnerschat ginn

D'Fusioun tëscht de fréiere Fuerschungszentere Gabriel Lippmann an Henri Tudor war méi schwiereg wéi geduecht, erkläert de LIST-Interimsdirekter. Et wär eng Erausfuerderung fir zwou verschidde Kulture mateneen ze verschmëlzen. De Fernand Reinig kënnt op d'Ursaachen zréck vum Depart vu sengem Virgänger Gabriel Crean.

auto_stories

3 min

De Fusiounsprozess tëscht de Fuerschungszentere Gabriel Lippmann an Henri Tudor wier vu jidderengem ënnerschat ginn, seet de Fernand Reinig, Interimsdirekter vum LIST. Den éischten Direkter vum nei geschafene "Luxembourg Institute of Science and Technology", Gabriel Crean hat de LIST no knapp annerhallwem Joer erëm verlooss.

"Well d'Fusioun tëscht den zwee Fuerschungsinstituter net ofgeschloss war, konnten d'Initiativen, déi de Gabriel Crean geholl hat, net esou dynamesch ëmgesat ginn, wéi hien an de Verwaltungsrot sech dat virgestallt haten", seet de Fernand Reinig. Bis op Weideres géif och net no engem neie CEO gesicht ginn. Et wéilt ee waarde bis d'Fusioun komplett ofgeschloss ass.

Eng gemeinsam nei Kultur

"Bei engem Fusiounsprozess geet et haaptsächlech ëm d'Schafe vun enger neier gemeinsamer Kultur." D'Leit, déi vun den zwee Fuerschungszentere CRP Gabriel Lippmann a CRP Henri Tudor komm sinn, hätte bis dohinner an hiren Instituter geschafft mat hire respektiven Orientéierungen. "Woubäi de Lippmann méi op Grondlagenfuerschung ausgeriicht war, an den Tudor staark, vläicht ze staark, an no un den Entreprisen."

D'Aufgab vum LIST wier et elo, déi komplett Kette vun der Grondlagenfuerschung bis zur Applikatioun an den Entreprisen ofzedecken. Esou, datt jidderee sech domadder identifizéiere kéint a seng Roll dra géif fannen. Gläichzäiteg soll déi complementaire Roll par Rapport zur Universitéit als en RTO (Research and Technology Organisation) zu Lëtzebuerg voll assuméiert ginn.

Rou an der Entreprise

D'Aufgab vun engem RTO ass et, eng Bréck ze sinn tëscht enger Uni an den Entreprisen, déi nei Technologien ëmsetzen. Vun hirer Grënnung 1987 un, bis zur Fusioun hätten d'CRPen déi Roll net voll erfëllt. De Gabriel Crean hätt versicht déi nei Roll ëm ze setzen, seet de Fernand Reinig. Dat hätt dozou gefouert, datt verschidde Chercheure sech net méi an erëmfonnt hätten. Dowéinst hätte si de LIST verlooss.

Mëttlerweil hätte sech d'Personalfroe gekläert. Et wiere vill Gespréicher mat de Mataarbechter gefouert ginn, seet de LIST-Direkter. Déi intern Kommunikatioun hätt sech verbessert. D'Salairë vun de Mataarbechter vun den zwee fréieren Instituter wieren alignéiert ginn. No enger interner Enquête zum "Bienêtre au travail" goufen Aarbechtsgruppe gegrënnt, deenen hir Propositiounen zum Deel ëmgesat gi wieren.

D'Fusioun finaliséieren

"No engem Joer kann ee soen, datt, och wann de Fusiounsprozess net komplett ofgeschloss ass, mir vill méi Rou an d'Entreprise kritt hunn." Nom Depart vun engen 100 Collaborateuren, dem Finanzchef an dem Marc Lemmer (fréieren Direkter vum CRP Henri Tudor), huet sech dem Fernand Reinig no d'Personalsituatioun nees stabiliséiert. Aktuell gëtt den neie "Contrat de performance" tëscht dem Institut an der Regierung verhandelt.

De LIST ass op den 1. Januar 2015 gegrënnt ginn. Eng 600 Leit schaffen am Institut. De Fernand Reinig war 26 Joer Direkter vum CRP Gabriel Lippmann. Duerno gouf hie responsabel fir d'Ressources humaines am LIST. Am Oktober 2016 huet hien den Interim un der Spëtzt vum "Luxembourg Institute for Science and Technology" iwwerholl.