Véierte LiteraturLabo Ee Garant fir gutt Literatur?

D'Valerija Berdi, de Ian de Toffoli an d'Nathalie Bender hu sech iwwer Wäert a Qualitéit vu verschiddenen Litreraturpräisser ënnerhalen, a rezent priméiert Wierker ënnert d'Lupp geholl.

Nathalie Bender / po

LitLabo.
Foto (v.l.n.r.): Valerija Berdi, Ian de Toffoli, Nathalie Bender

Et kéint alles ganz einfach sinn: Wien op der Sich no engem Buch ass bräicht nëmmen ze kucken, ob e Buch e Präis krut, a wéi e Präis et ass - an zack hätt een e séchere Grëff an d'Welt vun der sougenannter gudder Literatur gemaach. Dat klappt natierlech net ëmmer.

Wa Kritiker d'Lieser beléieren

Ee vun de LiteraturLaboranten, de Literaturwësseschaftler Ian de Toffoli mengt, datt een u sech kéint soen, datt Literaturpräisser supposéiert sinn, eng Zort Guide ze sinn fir d'Lieser, déi sech eng "gewëss Qualitéit" wëllen eraus sichen. Dat géif awer engersäits net ëmmer stëmmen.

An anerersäits ass de Critère vun der Qualitéit natierlech och ambigu: "Wann ee Buch wéi "Boussole" vum Mathias Enard couronnéiert gëtt, dann ass et ouni Zweiwel, ass et bestëmmt gutt dat Buch ze liesen. Et ass natierlech net einfach, verschiddener hunn ënnerwee vläit opginn. Mee et ass eng Zort 'Beléierung', déi kann immens nëtzlech sinn."

Mam 'Beléiere' missten d'Kritiker awer immens virsiichteg sinn, well dat "séier no hanne lass goe kann a well een als Kritiker och net supposéiert wier fir just mam Fanger ze weisen". Mam Fanger weisen wier och net den Zweck vun der Kritik.

No wéi enge Critèren gëtt beuerteelt?

De Choix vu Juryen iwwer gutt oder besser Literatur ass ëmmer subjektiv, huet d'100,7-Journalistin Valerija Berdi ugemierkt. Och wann ee "Basis-Critèrë" géif beurteelen, ewéi dee vun der Ästhetik, vum Stil a vum Inhalt, da géif et um Enn dacks ëm ganz perséinlech Virléifte goen.

Als Jury-Member beim Lëtzebuerger Buchpräis huet d'Valerija Berdi gemierkt, datt d'Meenungen deels wäit ausenaner goungen a staark vum Goût ofhänken. Dowéinst wier et interessant, wann ee Jurye regelméisseg géif austauschen.

An der Mediathéik:

LiteraturLabo / / Nathalie Bender Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

petrovic.JPG
Literaresch Rares

De serbeschen Auteur Goran Petrović hëlt de Lieser a sengem Roman "Die Villa am Rande der Zeit" mat op eng sënnlech a poetesch Rees, wou ee sech selwer begéine kéint.

James Leader
Lëtzebuerger Literatur

Fir d'Jugendbuch "The Venus Zone" gouf den James Leader mam Lëtzebuerger Literaturpräis ausgezeechent. Eng politesch Geschicht, déi deene Jonke soll Hoffnung ginn. Ee Gespréich mam Auteur.

Valerija Berdi Kommentar
Nobelpräis

Beim Literaturnobelpräis wëll jiddereen iwwer de Choix mat diskutéieren. Ob een awer d'Wierker vun de Literate gelies huet - dat steet ob engem anere Blat, mengt d'Valerija Berdi.

Net verpassen

  • 24.01. Opruff Media & Me

    Media and Me_2022_1200x667px.jpg

    De radio 100,7 mécht och dëst Joer mat beim Projet Media & Me an Dir kënnt Iech elo dofir umellen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen