Radioen

On air

Notturno  |  Gilberto Gil - Pai e Mãe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Politesche Balanceakt vun Angela Merkel

Loftugrëff a Syrien

Politesche Balanceakt vun Angela Merkel

Et war séier kloer, datt Däitschland sech net un engem Loftugrëff a Syrien wäert bedeelegen. Déi däitsch Kanzlerin hat eng Bedeelegung vun der Bundeswehr schonn ausgeschloss, éier d'USA, Groussbritannien a Frankräich sech festgeluecht haten, datt si militäresch géint de Bachar El-Assad wëlle virgoen. Mee obwuel si selwer net wollt matmaachen, lueft d'Angela Merkel elo d'Virgoen vun hire westlechen Alliéierten. Wei passt dat zesummen?

auto_stories

2 min

Rick Mertens

En Donneschdeg huet alles kloer geschéngt: "Merkel schließt deutsche Beteiligung an Militärschlag gegen Syrien aus", hunn däitsch Medien am freien Nomëtteg gemellt.

Eng weider Meldung koum dunn e Samschdeg de Moien: "Merkel befürwortet Militärschlag gegen Syrien". Nodeems d'USA, Frankräich a Groussbritannien an der Nuecht virdrun verschidden Ziler a Syrien attackéiert haten, huet déi däitsch Kanzlerin an engem Communiqué geschriwwen, dës Loftugrëff wären "néideg an ugemoossen".

Innepolitesch si Militärasätz heikel

D'Positioun vun der däitscher Kanzlerin ass ee politeschen Balanceakt: D'Angela Merkel wëllt sech innepolitesch d'Fanger net verbrennen.

Fir en däitsche Militärasaz a Syrien hätt d'Angela Merkel nämlech d'Ënnerstëtzung vum Parlament gebraucht. Mee souwuel an hirer eegener Koalitioun, wei bei der Oppositioun wär esou eng Interventioun nëmme schwéier ze verkafe gewiescht. Auslandsasäz vun der däitscher Arméi bleiwen, och méi wei 70 Joer nom Zweete Weltkrich, politesch eng heikel Fro. An enger Ëmfro vum ZDF hu sech iwwerdeems d'lescht Woch bal 80 Prozent vun de Befroten géint eng däitsch Bedeelegung a Syrien ausgeschwat.

Virun deem Hannergrond ass et e wéineg iwwerraschend, datt d'Kanzlerin sech géint en Asaz vun der Bundeswehr ausgeschwat huet, éier iwwerhaapt eng ëffentlech Debatt dozou opkoum.

Diplomatesch Verstëmmunge goufen evitéiert

Mee déi aussepolitesch Dynamik ass eng aner: Datt d'USA, Frankräich a Groussbritannien decidéiert hunn, gemeinsam Ugrëff géint de Regime vum Bachar El-Assad ze fléien, huet eng symbolesch Bedeitung. No méi wéi siwe Joer Krich schéngt et wéineg wahrscheinlech, datt déi punktuell Loftugrëff vun dësem Weekend d'Situatioun a Syrien entscheedend veränneren. Mat enger gemeinsamer Interventioun wollten déi dräi NATO-Länner awer demonstréieren, datt si weider capabel sinn, zesummen ze handelen.

Ëffentlech Kritik vun der dätscher Kanzlerin hätt dee Message däitlech geschwächt. Washington, Paräis a London hätten dofir wuel kee Versteesdemech gehat. Esou diplomatesch Verstëmmungen huet d'Angela Merkel evitéiert, andeems si d'Loftugrëff vun hire NATO-Partner rhetoresch gestäipt huet, ouni sech selwer drun ze bedeelegen.

Déi Approche ass mat Sécherheet net ganz kohärent an och net politesch couragéiert - et kéint ee se awer och als taktesch clever bezeechnen.