Post-Covid-Patiente si Mënschen, déi e schwéiere Covid-19-Krankheetsverlaf haten, meeschtens op der Intensivstatioun louchen an duerno eng Reeducatioun brauchen.
Vu Long Covid schwätzt ee wann dräi Méint no der Viruserkrankung nach Symptomer bleiwen. Béid Patiententyppe sinn dem Joachim Renouprez, Dokter am Rehazenter bekannt. D'Symptomer géife sech nämlech deelweis gläichen. Typesch Symptomer wiere Middegkeet, Otemprobleemer, d'Patiente wiere séier ausser Otem, Häerzklappen a Wéi.
Eng Panoplie u Symptomer
D'Nathalie Groeber ass eng vun deene Patienten. Dräi Mëtteger d'Woch suivéiert si eng Long-Covid-Behandlung am Rehazenter. No enger Covid-19-Erkrankung Mëtt Dezember sinn hir Symptomer ni richteg fortgaangen.
"Wann e soss eng Krankheet huet, weess een ëmmer OK et ass fir zwou, dräi Wochen an dann ass dat eriwwer. Mee hei gesäit ee keen Enn vum Tunnel. Hei ass ëmmer esou erop erof an et stagnéiert dann a jo et ass immens schwéier da fir mat der Situatioun do eens ze ginn."
An der pluridisziplinär Equipe vum Rehazenter, déi d'Nathalie Groeber behandelt, schafft och de Sportstherapeut Christophe Mahe. Long Covid Patiente géife relativ séier midd ginn, souwuel wat hir Otmung ugeet, wéi och wat d'Muskelen ugeet. Dofir géif ee spezifesch Cardio- a Muskeltraining maachen.
Dem Nathalie Groeber säi spezifeschen Training ass awer och neuro-psychologesch, dat heescht, datt si och Gedächtnislücken huet.
"Si nennen dat och esou "brain fog" wou engem dann d'Wieder feelen, net méi weess wéi een eppes schreift oder esou. Dat heescht do hunn ech dann Ënnerstëtzung fir dat ze trainéiere fir mäi Gediechtnes erëm op Vorderman ze kréien."
Keng spezifesch Long Covid Therapie
Dem Dokter Renouprez ass beim Traitement vu Long-Covid-Patiente besonnesch wichteg, datt zesumme mam Patient fir d'éischt eng Analys gemaach gëtt. En fonction vun där Analys kéint een dann Ziler, spezifesch fir dee Patient opstellen.
"Donc l'objectif c'est par exemple de pouvoir marcher dix minutes sans s'arrêter. Mon objectif c'est de Pouvoir participer à des jeux avec mes enfants. Donc je pense qu'il faut viser par objectifs et et les réévaluer par les acquis et les progrès que le patient fait."
Och den Dokter Gaston Schütz, Direkter vum Rehazenter, ënnersträicht den individuelle Charakter vun de Behandlungen. Och international géif et de Moment keng Therapie fir Lond Covid Patiente ginn. Am Rehazenter géif een iwwer en Therapieplang déi Symptomer behandelen déi d'Patienten hunn. Verschiddener wiere méi heefeg, anerer méi rar.
Fir den Direkter vum Rehazenter ass d'wëssenschaftlech Auswäertung vun den Daten, déi anonymiséiert duerch de Pilotprojet gesamt ginn, dowéinst och esou wichteg. Nëmmen si kéint néi Erkenntnisser a besser adaptéiert Therapieusätz bréngen, esou den Dokter Gaston Schütz.