Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Christine And The Queens - Damn, Dis-Moi Feat. Dâm-Funk

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Loosse keen am Ree stoen"

No schwéiere Stierm an Tornadoen

"Loosse keen am Ree stoen"

Nom Tornado vun e Freideg gouf an engem extraordinäre Regierungsrot de Bilan vun de Schied gemaach. 19 Persoune goufe blesséiert, zwou dovu méi uerg, eng dovun ass nach an engem kriteschen Zoustand.

auto_stories

2 min

De Regierungsrot huet de Samschdeg den Owend eng Partie Hëllefe fir Privatleit a fir Entreprisen decidéiert. De Premierminister Xavier Bettel huet betount, datt een net wéilt d'Aarbecht vun den Assurancen iwwerhuelen, et wéilt een awer "och keen am Ree stoe loossen", an déi néideg Direkthëllefe garantéieren.

Betraffe Persoune kënne beim Familljeministère Hëllefen ufroen, sou d'Inneministesch a Responsabel vun der Krisenzell, d'Taina Bofferding. Vun e Méindeg u stellt de Familljeministère den néidege Formulaire op sengem Internetsite zur Verfügung. Koordinéiert ginn déi eenzel Hëllefen da vun de jeeweilegen Offices sociaux. Hëllefe fir betraffen Entreprisë gi vum Wirtschaftsministère gereegelt.

Déi beschiedegt Héichspannungsleitunge wieren elo securiséiert, sou d'Taina Bofferding. D'Haaptachse wieren iwwerdeems och erëm op, och de Rondpoint Biff, deen zäitweis hat misste gespaart ginn. Bis de Sonndeg den Owend sollen déi 314 Haiser, déi dem CGDIS gemellt goufen, securiséiert sinn, sou d'Taina Bofferding.

De Staat stellt iwwer den Haut-Commissariat de la Protection Nationale de Gemengen och Suen zur Verfügung fir beschiedegt "Biens collectifs" ze ersetzen a fir Schied ze evaluéieren.

D'Spuerkeess hätt iwwerdeems annoncéiert, fir Betraffe Persoune Prêten zum Zënssaz vun 0 Prozent unzebidden.

Ronn 1.000 Appeller waren no de Stierm an dem Tornado am Süde vum Land un den 112 geriicht ginn. Déi speziell ageriichten Hotline wier ronn 380 mol kontaktéiert ginn. D'Hotline géif och weider fonctionnéieren, sou nach de Paul Schroeder vum CGDIS.

600 bis 700 Fräiwëlleger hate sech, nieft 400 Leit vum CGDIS, un den Hëllefs- an Opraumaarbechte bedeelegt. Och 40 Zaldoten a 40 Poliziste waren am Asaz.