Radioen

On air

Notturno  |  Richard Dawson - Thicker Than Water

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Love Death and Polarbears a Merci Greta Thunberg

Fräie Mikro

Love Death and Polarbears a Merci Greta Thunberg

An hirem fräie Mikro mécht d'Danielle Igniti e puer Iwwerleeungen iwwer de Phenomen Greta Thunberg, de Protestmanifestatioune vu Jonken an d'Responsabilitéit vun deenen Erwuessenen a Saache Klimaschutz a bessert Liewen am Respekt vun Natur, Déier a Mënsch.

auto_stories

3 min

Danielle Igniti

An hirer One Woman Show "Love Death and Polar Bears" weist d'Performerin Catherine Elsen op eng pertinent an humorvoll Aart a Weis, Kontradiktioune vun eis zäitgenëssesche Fraen a Männer, déi tëscht berufflechen Erausfuerderungen an Drock fir Resultater, gehirlosem Individualismus, permanentem Konsum an Zerstéierung vun der Natur an awer och Drang no Léift an Harmonie a Sich no Gebuergenheet, stinn. Si seet am Text deen d'Performance begleet dem Greta Thunberg Merci. Ech soen dem Catherine Elsen Merci fir hire wäertvolle kulturelle Manifest, deen hoffentlech nach ob ville Bühne gewise gëtt.

Jo, d'Greta Thunberg huet mech och beandrockt mat hirem selbstbewossten Optrieden an hire kloeren an däitlechen Aussoen. Mee ech hu mech gefrot ob si wierklech bei den Decideure Gehéier fënnt, oder just vu villen Acteure recuperéiert gëtt, well se impressionnant an aussergewéinlech ass, e bësse sou wéi Wonnerkanner déi op de Piano gesat ginn an admirabel spillen. D'Zuschauer si begeeschtert, klappen, klammen an de SUV a fueren heem an dat ass et dann.

D'Responsabilitéit vun den Erwuessene gëtt ausgeklammert

Ech ka schlecht aschätzen ob ee Schouldag an der Woch ze verléieren dramatesch ass, bestëmmt ass en Engagement huelen a solidaresch manifestéieren och eng wichteg an nëtzlech Erfarung. Elo deene Jonken hire Streik a Fro ze stellen, well se no der Manif fir Klimaschutz an de Fastfood gaange sinn, fannen ech e bëssen einfach. Un dëse Kontradiktioune si mir och Schold, well wie baut Fastfoods, wie mécht säi Geld domat, wie keeft Jugendlechen Autoen, Handyen an Tabletten a wien erzitt se zu onkriteschen an totale Konsumenten?

Anerersäits froen ech mech awer, wéi mir dat veräntwerten, datt mir de Kanner a Jugendlechen hier Kandheet klauen esou wéi hiert Recht op Insouciance. Net nëmmen datt mir hier Zukunft onméiglech maachen, mee mir schécke se och nach ob d'Strooss fir de Klimakampf ze féieren an dem mir schänterlech versot hunn.

Wéini gëtt den neo-liberale System a Fro gestallt?

D'Greta Thunberg huet sech anscheinend net ausdrécklech géint Atomwierker ausgeschwat. Si wäert an hirer Luciditéit och mierken datt, wann et weider geet wéi bis elo, mat Akkumulatioun vun elektronesche Gadgeten, Kleeder, Spillsaachen, Autoen, Riesenhéiser, Schwemmen a Reesen, d'Energie déi dofir gebraucht gëtt vun anzwuersch muss hierkommen.

"La croissance est au vert" heescht et oft. Dat ass jo awer puren Zynismus, wann ee weess, datt de Wuesstum d'Ëmweltverschmotzung verstäerkt, datt een d'Ausbeutung vun allen natierleche Ressourcë verursaacht, d'Natur an d'Liewe futti mëscht a géint all Versprieche keng sozial Gerechtegkeet bréngt.

Déi eenzeg Fro, déi menger Meenung no, ubruecht wier ass: Wéini fänke mer u vun Décroissance ze schwätzen an eisen neo-liberale System seriö a Fro ze stellen? Vläicht misste mer bei eis selwer ufänken, am Alldag a ganz konkret.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.