Radioen

On air

De Moien  |  Medien a Politiker am Clinch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LSAP-President fënnt et "onglécklech", datt fréier Ministeren a russesche CAen sëtzen

Ukrain-Konflikt

LSAP-President fënnt et "onglécklech", datt fréier Ministeren a russesche CAen sëtzen

Mam Etienne Schneider a Jeannot Krecké setzen zwee fréier Lëtzebuerg Ministeren a Verwaltungsréit vu russesche Firmen. Den LSAP-President Yves Cruchten fënnt dat "onglécklech", mee gesäit kee Verstouss géint d'Parteistatuten.

auto_stories

1 min

Den Yves Cruchten ass aktuell President vun der LSAP. Foto: Archiv

Zanter 2020 ass de fréiere Wirtschaftsminister Etienne Schneider Member vum Verwaltungsrot vu Sistema, engem russesche Konglomerat. Säi Virgänger Jeannot Krecké, dee virdrun och am Verwaltungsrot vu Sistema sutz, presidéiert aktuell de CA vun der russescher Bank East-West United.

Den Yves Cruchten sot eis de Moien, datt seng zwee Parteikolleegen hätten déi Mandater als Privatleit ugeholl. Hie selwer géif och net gesinn, datt dat géif géint d'Statute vun der LSAP verstoussen. Sengen Informatiounen no wiere béid Firmen och weder op der Sanktiounslëscht vun der EU, nach op där vun den USA.

D'Jonk Sozialisten haten op de soziale Medie gefuerdert, datt all Sozialisten, déi an engem russesche Conseil d'administration sëtzen, dëse solle verloossen.

Déi zwee fréier Ministere ware bis elo fir eng Stellungnam net erreechbar.

Gëschter haten de fréiere finneschen an de fréieren italienesche Premier sech vun hire Poste bei russesche Firmen zeréckgezunn.