Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Edsun - Until Tomorrow (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden dierf Affekot bleiwen

Chambre de Commerce

Luc Frieden dierf Affekot bleiwen

Den neie President vun der Chambre de Commerce, de Luc Frieden, dierf weiderhin als Affekot schaffen. Dat seet de Bâtonnier vum Barreau, de François Kremer. De Beruff vum Affekot dierf een net ausüben, wann een an enger exekutiver Funktioun vun enger Gesellschaft schafft, also d'Dagesgeschäft mat leet.

auto_stories

1 min

De Luc Frieden ass knapps eng Woch President vun der Handelskammer. Foto: Archiv

Dat wier awer hei net de Fall, esou de François Kremer, well de Maître Frieden President vun der Chambre de Commerce wier, an "dat ass keng exekutiv Funktioun":

"Hien dierf no dem Affekotegesetz déi Funktioun iwwerhuelen an hien dierft um Tableau vun den Affekote bleiwen. Wat den Här Frieden net dierf, an och net seng Etüd bei där hie schafft, Elvinger-Hoss-Prüssen, dat ass Affären unhuele géint d'Chambre de Commerce, well do hätt hien e Conflit d'intérêt."

Ob et en Interessekonflikt géif ginn, wann e Member vun der Chambre de Commerce implizéiert ass, wier schwéier ze soen, esou de François Kremer. Bal all Entreprise hei am Land ass automatesch Member vun der Handelskammer. Wann de Fall géif opkommen, misst de Conseil de l'ordre des avocats eng Entscheedung treffen.

Lescht Woch war de fréieren CSV-Minister Luc Frieden als President vun der Chambre de Commerce gewielt ginn. Nieft där Funktioun schafft de Luc Frieden als Affekot an ass Member vum Conseil d'Administration vun der BIL.


De Bâtonnier vum Barreau François Kremer:

Lauschterenplay_arrow