Radioen

On air

Notturno  |  Ideal - Monotonie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxair soll Verbindung Saarbrécken-Berlin iwwerhuelen

Aviatioun

Luxair soll Verbindung Saarbrécken-Berlin iwwerhuelen

Den Adrien Ney ass optimistesch, datt d'Luxair d'Verbindung no der Insolvenz vun Air Berlin wäert iwwerhuelen. De Generaldirekter vu Luxair-Group hofft, datt d'Verhandlunge bis ugangs nächster Woch ofgeschloss wäerte sinn.

auto_stories

2 min

No der Insolvenz vun der däitscher Air Berlin ass déi Lëtzebuerger Fluggesellschaft Luxair de Favorit, fir d'Verbindung tëscht Saarbrécken a Berlin z'iwwerhuelen. Dat sot déi saarlännesch Ministerpresidentin Annegret Kramp-Karrenbauer. Si hätt de Wirtschaftsministère gefrot, fir d'Vertrags-Verhandlunge mat Luxair positiv ofzeschléissen.

Tëscht 150.000 an 200.000 Passagéier

De Generaldirekter vu Luxair-Group, Adrien Ney, confirméiert dat a seet, hie wier ganz optimistesch. "'T ass fir eis e flotte Marché. Mir sinn an der Groussregioun doheem." D'Verbindung Saarbrécken-Berlin hätt e grousst Potential - tëscht 150.000 an 200.000 Passagéier, sou den Adrien Ney.

"Mir sinn a Verhandlungen a mir si ganz positiv. Ech hoffen, datt mir Enn dëser Woch oder Ufank nächster Woch zu engem Ofschloss wäerte kommen."

Air Berlin hält den 28. Oktober op där Streck op. Wann d'Luxair déi Verbindung géif iwwerhuelen, kéint si awer eréischt vum éischte Januar un tëscht Saarbrécken a Berlin fléien, sou den Adrien Ney. Virdru wier et aus technesche Grënn net méiglech.

"En Deel vum Marché zréckkréien"

D'Verbindung wier eng grouss Opportunitéit fir zousätzlech Maart-Undeeler ze kréien, seet den Adrien Ney. "Mir si jo zu Saarbrécken aktiv mat Hamburg. 75 Prozent vun de Passagéier vun där Stréck komme vu Saarbrécken."

D'Luxair huet ëmmer op der Verbindung vu Lëtzebuerg op Berlin ee Stopp zu Saarbrécken gemaach. Domat hätt een awer opgehalen, well d'Lëtzebuerger Passagéier net zefridde gewiescht wieren. Déi zukünfteg Verbindung tëscht Saarbrécken a Berlin wier also "een Deel vun engem Marché, dee mir géifen zréckkréien."

Adrien Neyplay_arrow